arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Schoulbus gouf vun engem Zuch erfaasst: Op d'mannst 4 Doudeger, dorënner 2 Kanner

Belsch

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

E Schoulbus gouf vun engem Zuch erfaasst: Op d'mannst 4 Doudeger, dorënner 2 Kanner

Néng Leit souzen am Bus, wéi dee vum Zuch erfaasst gouf. Bis ewell ginn et véier Doudesfäll, dorënner zwee Kanner vun 12 a 15 Joer. Och eng Begleetpersoun grad ewéi de Chauffer vum Schoulbus sinn ëm d'Liewe komm. Fënnef weider Mënsche wiere blesséiert ginn, dorënner zwee schwéier.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Anna Ross
(Foto: picture alliance/dpa | Anna Ross)

De Schoulbus fir Kanner mat Mobilitéitsaschränkunge wier op d‘Schinne gefuer, obwuel d‘Barriär schonn erof an d‘Luucht rout war. Dat wier op den Iwwerwaachungskameraen ze gesinn, huet den zoustännege Minister och confirméiert. De Grond, firwat de Bus op d‘Schinne gefuer ass, ass net bekannt.

"Pour des raisons que l'enquête devra bien évidemment déterminer, le bus ne s'est pas arrêté au feu, mais également n'a pas respecté les barrières qui auraient été fermées, et donc a franchi ces barrières. A ce moment-là arrivait un train, et comme vous pouvez l'imaginer, l'accident était complètement inévitable."

Sengen aktuellen Informatiounen no wiere keng Feeler op Säite vun Infrabel oder SNCB geschitt, esou de belsche Mobilitéitsminister Jean-Luc Crucke um Mikro vun RTBF. 

Dee Passage louch ongeféier 1 Kilometer virun der Gare, wou den Zuch sollt stallhalen, dofir hätt e schonn ofgebremst gehat. Mee den Impakt wier trotzdeem extrem brutal gewiescht. 

Am Zuch souzen eng 100 Passagéier, vun deenen awer kee blesséiert ginn ass, esou déi belsch Zuchgesellschaft SNCB. 

De belschen Inneminister Bernard Quentin schwätzt vun enger Tragedie. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen huet scho reagéiert. Si sot, Europa géif mat der Belsch mat kräischen.

play_arrow Lauschteren