arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dat beninescht Militär ass amgaangen ee Putsch duerchzeféieren

Benin

|
headphones

1 min

Dat beninescht Militär ass amgaangen ee Putsch duerchzeféieren

Am Benin leeft zënter dem Sonndemoien eng Tentative fir ee Putsch. D‘Militär huet op der ëffentlecher Televisioun am Benin ugekënnegt, de President Patrice Talon vu senge Fonctiounen ze entloossen.

headphones

1 min

EPA/Andre Borges | © EPA/Andre Borges
President Patrice Talon (Foto: EPA/Andre Borges)

De President hätt scho sollen am Abrëll no 10 Joer am Amt oftriede, esou d'Zaldoten ënner dem Lead vum Pascal Tigri, dee sech selwer als neie President vum Militärcomité deklaréiert huet. D‘Arméi huet sech selwer als ee „Comité militaire pour la refondation“ benannt.

D‘Haus vum Patrice Talon an der Haaptstad Guézo gouf um Sonndegmoien attackéiert, hie wier awer a Sécherheet, heescht et aus sengem Entourage.