Däitschland wäert ëmmer un der Säit vun Israel stoen, esou de Friedrich Merz no engem Gespréich mam israeelesche President Isaak Herzog.
Um Samschdeg hat den däitsche Bundeskanzler och eng Renconter mam Jordanesche Kinnek, ee Land dat ganz vill Flüchtlingen empfaangen huet. Iwwer zwou Millioune Palestinenser liewen a Jordanien, ee groussen Deel vun hinnen a Flüchtlingscampen.
Zweestaateléisung determinant fir Jordanien
Och fir de jordanesche Kinnek Abdallah ass de Konflikt mee och d’Perspektive vun enger Zweestaateléisung determinant.
Fir de Bundeskanzler muss et d’Zil sinn d’Situatioun vun de Palestinenser ze stabiliséieren an do wier eng Zweestaateléisung néideg.
"Und diese Zweistaaten-Lösung wird sich eben auch nur durch Verhandlungen verwirklichen lassen. Wir wollen, dass diese Verhandlungen bald beginnen. Darüber werde ich auch mit Ministerpräsident Netanjahu in Jerusalem sprechen."
De Friedrich Merz huet nach viru senger Rees an Israel, betount datt méi humanitär Hëllef nach virum Wanter misst un d’Awunner vu Gaza geliwwert ginn.
"Dazu gehört auch, dass sich die nach wie vor prekäre humanitäre Lage der Zivilbevölkerung Gazas schnell und spürbar bessert. Vor dem Winter braucht es mehr humanitäre Hilfe, bessere Zugänge für diese Hilfe und eben auch einen Einstieg in den Wiederaufbau."
Däitschland duerch Krich géint d'Gazasträif an "Dilemma"
Indirekt huet hien awer och d‘Virgoen am Gaza-Krich kritiséiert. Deen hätt Däitschland virun een „Dilemma“ gestallt.
Op déi Situatioun an der Gazasträif hätt ee reagéiert, andeems den 8. August ee Waffenexport Verbuet fir all Equipementer déi an der Gazasträif kéinte vun Israel genotzt ginn, dekretéiert gouf.
Un Israel war et och de Message datt et am Westjordanland keng weider israeelesch Siidlungen oder Annektiounen dierft ginn.
No Jordanien ass de Friedrich Merz op Jerusalem gereest, wou e vum President Izchak Herzog empfaange gouf. Am Kontext vun de militäreschen Equipementer huet den Izchak Herzog drun erënnert, datt den israeeleschen Ofwiersystem Arrow 3 an Däitschland stationéiert gouf.
Datt israeelesch Produkter Däitschland géife schützen a verdeedege wier eenzegaarteg, touchant an och wichteg.
Haut um Sonndeg steet um Ordre du Jour vum Bundeskanzler dann och een Treffe mam Premier Benjamin Netanjahu, grad ewéi mat fréiere Geiselen an hir Famillen.