Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanoram

play_arrow Live
search

/ Däitsch Fuerscher probéieren déi US-amerikanesch Klimadonnéeën ze retten

US-amerikanesch Klimafuerschung a Gefor

Däitsch Fuerscher probéieren déi US-amerikanesch Klimadonnéeën ze retten

Well an den USA eng ganz Rei wëssenschaftlech Datebanken op Drock vun der Regierung musse geläscht ginn, leeft momentan een Transfert op europäesch Serveren. Wéi däitsch Medien haut um Donneschdeg mellen, hätte verschidden us-amerikanesch Fuerschungsinstituter dat ugefrot. Betraff si virun allem Donnéeën iwwer de Klimawandel, mee och ëmweltrelevant a geologesch Daten

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Server | © picture alliance/dpa | Helena Dolderer play_arrow
Server (Foto: picture alliance/dpa | Helena Dolderer)

An der Klimafuerschung ass de weltwäiten Austausch vun Donnéeën iwwer d’Ozeanen an iwwer d’Atmosphär essentiel. Ëm dëse Fuerschungsberäich steet et awer Ament schlecht, well de Fuerschungsservice vun der US-amerikanescher Administratioun vun den Ozeanen an der Atmosphär (NOAA) an den nächste Wochen opgeléist soll ginn. Dat schreift d’ARD Tagesschau op hirem Site. Däitsch Fuerscher sinn déi amerikanesch Donnéeën elo um retten.

US-amerikanesch Instituter froen no internationaler Hëllef

Den Zougang zu den US-amerikaneschen Dateplattforme wier suspendéiert oder géif de Risiko lafen am Mee op Äis geluecht ze ginn. D’Konsequenze wieren e grousse Mangel un Austausch vun Informatiounen, deen zu Lacunnen op de Landkaarte féiere géif. Dat kéint weltwäit Repercussiounen am Beräich vum Klimaschutz mat sech bréngen, an d’Fuerschung staark zeréck setzen.

Aus deem Grond hätten US-amerikanesch Instituter ëm international Hëllef gefrot, fir déi vulnerabel Daten ofzespäicheren. An Däitschland ass eng sougenannte „Koalition der Willigen“ entstanen, wou den AWI, den Alfred Wegener Institut zesumme mat aneren Instituter am gaangen ass déi Donnéeën ze späicheren. Mee déi Aarbecht ass kolossal, an d’Kapazitéite kéinten an Däitschland net duergoenfir dat a kuerzer Zäit kënnen ze bewältegen. 

Europäescher Fuerschung feelt et un Onofhängegkeet

De renomméierten däitschen Helmholtz-Institut, deen och beim Erhale vun den amerikaneschen Donnéeë bedeelegt ass, huet iwwerdeems gemellt, datt si Schwieregkeeten hunn, fir un Informatioune vun den US-amerikaneschen Observéierungssatelliten ze kommen. Déi wiere fir d’Iwwerwaachung vun den Ozeanen an der Atmosphär vun héchster Wichtegkeet.

Experten no misst een d’Fro vun der Ofhängegkeet vun der europäescher Fuerschung vis-à-vis vun den USA reevaluéieren. Den däitsche Wëssenschaftsministére huet déi däitsch Instituter elo dorëms gebieden, déi Ofhängegkeeten ofzebauen.

Lauschterenplay_arrow