En haarde Coup wier duerch d’Hausse vun den d'Energiepräisser komm. D’Centrale Paysanne fuerdert elo ee méi konkret Konzept fir d’Schwéngsbaueren, respektiv e "Schwéngsdësch" mat alle concernéierten Acteuren.
Der Centrale paysanne no ginn et aktuell nach ëm déi 20 Schwéngsbetriber hei am Land. Viru ronn 15 Joer waren et der nach ronn 120.
D'Konkurrenz aus dem Ausland
Am Schwéngs-Secteur hätt et scho quasi ëmmer Fluctuatioune ginn. D’Konsequenze vun der Covid-Pandemie a vum Ukrainkrich géifen elo virun allem Fierkelsbetriber ze spiere kréien, esou de Vizepresident vun der Centrale Paysanne Guy Feyder.
"Wou d’Ställ musse gehëtzt gi fir datt d’Fierkelen déi richteg Temperatur hunn. Dat huet riseg Käschten oplafe gelooss, fir déi de Marché eben net prett war fir se opzefänken. An dat huet sech net an de Präisser vun de Fierkelen erëmgespillt."
De Betrib vum Romain Klein zu Feelen zum Beispill huet mat der Schwéngszuucht missen ophalen. Duerch d'Konkurrenz aus dem Ausland an duerch d’Schwieregkeete fir Leit ze fannen, déi an de Betrib schaffe kommen, wier et net méi rentabel gewiescht.
E Manktem u Veraarbechtungsbetriber
Aktuell wier d’Situatioun stabel, stellt de Guy Feyder fest. Dat confirméiert och de Jim Strasser, deen e Betrib zu Holzem huet. Mat 1,95 Euro, déi een den Ament fir 1 Kilo Schwéngefleesch géif kréien, kéint een d’Käschten decken, wat awer keng laangfristeg Garantie wier, betount de Jim Strasser.
"Et ass och mol virkomm, datt dee Präis innerhalb vun enger Woch ëm 15 Cent fält, wat katastrophal fir e Schwéngsbetrib ass. Dat deet engem richteg wéi am Portmonni. An dat huet een och schonn iwwer déi lescht Jore gesinn. Ech menge virun zwee Joer ware mir bei engem Präis vun 1,25, 1,30 Euro fir 1 Kilo."
Eng Schwaachstell an der Lëtzebuerger Branche wier de Manktem u Veraarbechtungsbetriber. Vill Deeler vum Schwäi misste bëlleg a mat Verloscht an d’Ausland exportéiert ginn, well hei am Land bal nëmmen Ham a Kotlette gutt géife verkaf ginn, bedauert de Guy Feyder vun der Centrale Paysanne.
"Also alles, wat um Marché hei ofzesetzen ass, dat muss eng Marge behalen, fir datt dee Verloscht, deen an deem do Domän geschitt, ka mat opgefaange ginn."
"Et feelt un engem Konzept"
Fir de Secteur mëttel- a laangfristeg ofzesécheren, missten all déi concernéiert Acteure mat de politesche Responsabelen zesummekommen, fuerdert nach de Guy Feyder.
"Mir mengen, do feelt et iergendwéi un engem Konzept, dat géif méi Zouversiicht verbreeden, wéi dee Risiko, dee stänneg an der Luucht hänkt, well d'Betriber eeben de Kräften an de Fluktuatioune vum Marché kalbliddeg ausgesat sinn."
Aanescht géif ee mat Suerg op d’Zukunft kucken, seet nach de Schwéngsbauer Jim Strasser.