Dat eleng garantéiert awer keng héich Verkafszuelen. Am Allgemenge ginn d'Verkafszuele vun Alkohol an deene leschte Joren erof. Dat spiert och de Lëtzebuerger Wäisecteur. Dofir muss ee sech dann dem Marché upassen, beispillsweis andeems een Alternativen ubitt, wéi alkoholfräi Wäiner. De Lëtzebuerger Cremant verkeeft sech momentan awer ganz gutt, betount de Josy Gloden.
D'Virdeeler vum waarme Wieder
En aneren Defi, deem sech de Secteur stelle muss, ass dee vum Réckgang vun de Betriber. Een Haaptgrond dofir ass, datt et keng Successioun a bestoende Betriber gëtt. Vill Wënzer maachen de Beruff niewebäi oder sti virun der Pensioun. Do misst een dann hoffen, datt genuch Jonker géifen nokommen.
Déi duerch de Klimawandel bedéngten Äerderwäermung gesäit de Josy Gloden aus der Wënzerperspektiv éischter positiv, well et de Lëtzebuerger Wënzer géif erlaben Zorten unzebauen, vun deenen een ni geduecht hätt, datt dat zu Lëtzebuerg méiglech wier.
"Duerch déi Klimaerwiermung kënne mir och Routwäinzorten, wou virun zwanzeg Joer keen dru geduecht hätt, datt déi hei zu Lëtzebuerg géife funktionéieren. Déi funktionéiere mëttlerweil hei och op der Musel. Mir hunn do aner Zorte wéi Zweigel oder esou Saachen. Aus Éisträich kenne mir deen, hu mir och schonn ugeplanzt."
Dobäi kéimen och pilzresistent Zorten, déi dowéinst och manner musse gesprëtzt ginn, esou de Josy Gloden.