D’pro-iranesch Milizen hunn donieft ugekënnegt, si géifen zënter November zejoert e Waffestëllstandsaccord respektéieren.
E Sonnden hat den israeelesche Verdeedegungsminister Israel Katz betount, déi libanesesch Regierung misst hiert Verspriechen halen, der Hezbollah d’Waffen ewechzehuelen.
Déi Läich, déi gëschter Owend vun der radikaler Palästinenserorganisatioun Hamas un Israel iwwergi gouf, ass déi vun engem Student aus dem ostafrikanesche Land Tansania. De Mann war eréischt zënter knapp 3 Wochen an Israel, wéi et am Oktober 2023 zum Iwwerfall vun der Hamas op Israel koum. An der Gazasträif dierften domat nach 6 doudeg Geisele sinn, 5 Israeelien an en Thailänner.