Radioen

On air

Ligne 2  |  Spezial 90er Hiphop/RnB - 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Suitte vum Klimawandel zu Lëtzebuerg unhand vu Fotoen duerstellen

Neie Projet vu "Seniors for Climate"

D’Suitte vum Klimawandel zu Lëtzebuerg unhand vu Fotoen duerstellen

Leit zum Theema Klimaschutz sensibiliséieren: Dat ass eent vun den Ziler vu "Seniors  for Climate", bei deene sech ausschliisslech eeler Mënschen engagéieren. Fir ee ganz neie Projet gräife si op al Fotoen an Temoignagen zeréck.   

auto_stories

3 min

Jan Antoine Thomes | © Jo Diseviscourt
Jan Antoine Thomes (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Thematik vum Klimaschutz steet a leschter Zäit manner am Vierdergrond vum politeschen Discours an Europa. Tëschent de ville Konflikter, déi a leschte Joer ausgebrach sinn, an dem weltwäiten Handelskrich duerch d’USA, dierf een d’Gesondheet vun der Ëmwelt awer net aus den An verléieren. Dëser Meenung ass de Jan Thomes, Member vun “Seniors for Climate” hei zu Lëtzebuerg.

Dës Associatioun vun eelere Mënsche vu Lëtzebuerg huet als Zil, d'Geselleschaft iwwer d’Impakter vum Klimawandel ze sensibiliséieren. D’Initiativ gouf hei am Land vu Greenpeace Lëtzebuerg an d’Liewe geruff.

Et ass een ni ze al fir matzemaachen 

D’Zilgrupp vun “Seniors for Climate” si Leit, déi um Theema Klimaschutz interesséiert sinn, sech awer net onbedéngt an enger ASBL mat Memberskaart fest engagéiere wëllen. Dës Flexibilitéit mécht et dem Grupp méi einfach, Leit dozou ze motivéieren, sech mat hinnen a mam Theema Klimawandel auserneen ze setzen, seet de Jan Thomes.

"Bei eis ass ee ganz einfach dobäi, wann ee Loscht, Zäit an Interessi huet, an et ass soss keen Engagement."

Dat ass doduerch méiglech, well “Seniors for Climate” den Ament keng agedroen Associatioun ass. Dat kéint sech awer bei Bedarf nach änneren: D’Statutte wiere schonn ugeluecht ginn. Bei der momentaner Gréisst vum Grupp géing een awer nach net de Besoin verspieren, fir sech mam ASBL-Gesetz auserneen ze setzen.

Et gëtt awer eng Email-Lëscht mat 50 Leit, déi ee reegelméisseg kontaktéiert, an op hirer Facebook-Säit zielt de Jan Thomes 208 Follower. Op Facebook ass hien zoustänneg fir d’Kommunikatioun.

“Seniors for Climate” mécht och bei ëffentlechen Aktioune mat, wéi beispillsweis en Dënschdeg, den 22. Abrëll, bei der "Marche pour la Terre". 

Wie ka sech nach u Wantersport hei zu Lëtzebuerg erënneren?

E Projet, un deem “Seniors for Climate” momentan dru schafft, ass eng Ausstellung zesummen ze stellen, bei där d’Geschicht vum Klima hei zu Lëtzebuerg dokumentéiert soll ginn. Et wëll ee Fotosmaterial an Temoignagë vun eelere Leit ausstellen, déi weisen, wéi sech Lëtzebuerg iwwer Joerzéngte klimatesch verännert huet.

"Wie ka sech nach u Schnéi hei zu Lëtzebuerg erënneren? Wie ka sech nach u Wantersport hei zu Lëtzebuerg erënneren? Dee Moment wëlle mir och jonke Leit weisen: Hei kuck, stell dir mol vir, deemools konn s de zu Lëtzebuerg souguer nach Alpin-Schi maachen."

D'Sourcen aus där Zäit sollen dobäi hëllefen, de Leit méi kloer ze maachen, datt och eist Land staark vum Klimawandel beaflosst gëtt, betount de Jan Thomes. Ufanks Juni soll dës Ausstellung am Pafendall am Oekozenter ze gesi sinn.

Den Opruff fir Fotoen an Temoignagen ass ëmmer nach aktiv. Melle kann ee sech op hirer Facebook-Säit a bei der Telefonsnummer 26 97 60 05 

Text: Kim Winkel