Radioen

On air

9 bis 1  |  Lenny Kravitz - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Biogasproduktioun zu Lëtzebuerg huet weider mat Problemer ze kämpfen

Trotz Upassung vun der nationaler Strategie

D'Biogasproduktioun zu Lëtzebuerg huet weider mat Problemer ze kämpfen

De Lëtzebuerger Secteur vun der Biogasproduktioun huet der Biogas-Vereenegung no mat diverse Schwieregkeeten ze kämpfen. Virun zwee Joer gouf déi national Strategie ugepasst, fir d'Produktioun méi nohalteg ze gestalten. No der annoncéierter Fermeture vun der Biogasanlag vu Biekerech schwätzt de Secteur awer vun allgemengen Erausfuerderungen.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Text: Jimmy Bruch

Déi nei Strategie vun 2023 sollt de Biogas-Secteur, an deem et vill Finanzéierungsproblemer gouf, revitaliséieren. Dat sot e Vertrieder vum Wirtschaftsministère d'lescht Joer hei um Radio. Et ass d'Zil manner ofhängeg vun Energieplanzen ze ginn, a méi op Gülle a Mëscht ze setzen.

Ännerunge si mat finanzielle Käschte verbonnen

Trotzdeem huet d'Biogasproduktioun zu Lëtzebuerg och 2 Joer méi spéit nach ëmmer mat Problemer ze kämpfen. De Severin Boonen, President vun der Biogasvereenegung, schwätzt vu sekundären Effekter.

"Et sinn déi Péripheries-Problemer, déi de meeschten Anlage Problemer maachen. An dat heescht, wat d'Geneemegen ugeet, oder Oploe vun der Ëmweltverwaltung, oder vun der ITM oder Waasserwirtschaftsamt. Iwwerall kommen esou parallel Oploen, wou da wierklech d‘Anlagebedreiwer Schwieregkeeten hu fir se ze erfëllen, a wat och mat finanzielle Käschte verbonnen ass.”

Déi zwee Joer al Biogas-Strategie ännert den Ëmgang mat der Matière première, aus där de Biogas gemaach gëtt. Et geet drëm, vun den Energieplanzen, déi just ugebaut ginn, fir se zu Gas ze verschaffen, ewechzekommen, andeems ee virun allem d'Benotze vu Gülle a Mëscht finanziell fërdert.

De Problem vun der Gülle

Den Alex Kiefer vun der Biogasanlag zu Jonglënster mécht awer drop opmierksam, datt Gülle a Mëscht am Verglach zu anere Biomasse relativ wéineg Energie produzéieren.

“Gülle ass dat Produkt, wat deen niddregsten Energiegehalt huet. Eng Tonn Gülle bréngt 20 Meterkibb. A wa mir da vun den Agro-Industriellen Offäll schwätzen, da si mir bei 600 bis 700 Meterkibb."

Mëscht ass eng vun dräi Matièren, déi op Biogasanlage benotzt ginn. | © Morgane Weidig
Mëscht ass eng vun dräi Matièren, déi op Biogasanlage benotzt ginn. (Foto: Morgane Weidig)

Anersäits ass bei der Gülle och d'Logistik net einfach. Souwuel d'Disponibilitéit wéi och den Transport erschwéieren d'Ëmsetze vun de Regierungsziler, esou de Severin Boonen vun der Biogasvereenegung.

“Grad déi grouss Anlagen hunn do Problemer fr déi Biomass erbäizekréien. Do muss Gülle a Mëscht iwwer vill Kilometeren transportéiert ginn an do ass net vill Energie dran. Esou datt engersäits och net vill Hëtzt dobäi erauskënnt. Well meeschtens hänkt e Fernwärmenetz hanner deene groussen Anlagen. Esou datt et fir déi Anlage ganz schwéier wäert ginn, fir nach méi héich Gülle a Mëscht Prozentsätz ze verwäerten.”

Ustrengend Zäiten, mee den Optimisus bleift

De Secteur beschwéiert sech awer och iwwer d'Manéier, wéi déi staatlech Hëllefe fir Biogasanlagen ëmgesat ginn. Biogasanlage kréien de gréissten Deel vun der staatlecher Ënnerstëtzung iwwer een op 15 Joer verhandelte Stroumtarif, deen hinnen e feste Verkafspräis fir de Stroum garantéiert. Et wier awer net méiglech dësen am Laf vun de Joren op extern Faktoren unzepassen, kritiséiert de President vun der Biogasvereenegung.

“Wann ee ganz vill Ännerungen an de Käschten huet zum Beispill déi lescht Joren, wou d'Energiepräisser immens an d'Luucht gaange sinn, an op enger Anlag huet ee jo och Energiekäschten, oder d‘Main d’oeuvre geet immens an d‘Luucht, op 15 Joer Zäit ass dat jo awer schonn zimmlech e grousse Chiffer. Dat schmählert da schonn erëm d'Akommes. Sou datt de Präis eigentlech misst flexibel oder méi mat engem Index kënnen ugepasst ginn am Laf vu 15 Joer.”

Alles an allem ass d’Biogasvereenegung awer zouversiichtlech, datt een trotz ustrengenden Zäiten um Gudde Wee wier, preziséiert de Severin Boonen. D'Landwirtschaftskammer wier sech der Problematik bewosst a wéilt se um "Energiedësch" uschwätzen.

Lauschterenplay_arrow