Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lucy Rose - Light As Grass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Landwirtschaftsdësch huet sech op zwee Haaptsujete konzentréiert

Landwirtschaft

De Landwirtschaftsdësch huet sech op zwee Haaptsujete konzentréiert

Zwee Sujete stoungen am Mëttelpunkt vum zweete Landwirtschaftsdësch, gëschter um Donneschdeg, am Senninger Schlass tëschent der Regierung a Vertrieder aus der Agrikultur. Dat eent war de Bilan vum éischte Landwirtschaftsdësch am Mäerz. Dat anert d'Conclusioune vum strategeschen Dialog iwwer d'Zukunft vun der Landwirtschaft an der EU.

auto_stories

2 min

© SIP / Claude Piscitelli
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Nëmmen um Bord gouf d'Mercosur-Ofkommes mat 4 südamerikanesche Länner ernimmt, wat virun allem a Frankräich fir vill Opreegung ënner Bauere suergt. Vun der Ministesch war et dozou d'Ausso, datt de Premier op deem Gebitt weider Consultatioune féiere géif.

D'Betriber selwer si gefrot

Méi konkret gouf d'Martine Hansen, wat dat geplangten Zil vun enger Reduktioun vun den Ammoniak-Emissiounen ëm 22 Prozent ugeet.

“Mir sinn am Moment - ech si frou, dat kënnen ze soen - bei minus 11 schonn ukomm. Dat sinn zum Deel technesch Léisungen, mee dat, wat elo natierlech wäert komme fir d’Zukunft, dat sinn e ganze Koup Léisungen, déi vun de Betriber selwer musse gemaach ginn.”

D'Landwirtschaftsministesch war donieft zefridden doriwwer, datt d'Chamber verschidden Ännerungen um Agrargesetz gestëmmt huet.

Aktiounsplang fir d'Betribsnofolleg

Fir d'Zukunft brauch et iwwerdeems Nowuess fir d'Iwwerhuele vu landwirtschaftleche Betriber: An deem Kontext gëtt en Aktiounsplang fir d'Betribsnofolleg ausgeschafft. Och soll d'Landwirtschaft als strategesch wichtege Secteur aklasséiert a fir d'Biolandwirtschaft een neien Aktiounsplang erstallt ginn.

De Christian Hahn, President vun der Landwirtschaftskammer, huet sech gëschter um Donneschdeg awer un den Ëmweltstandarde gestouss:

“Mir kënnen ekologesch souvill a sou héich Erwaardunge setzen, wéi mir wëllen: Wann et dono wirtschaftlech net ëmgesat ka ginn, op de Betriber, well déi Voleten net betruecht gi sinn, da wäert et keng zukunftsfäeg Betriber ginn.”

Am Strategiepabeier vun der EU wier iwwregens d'Zil fir Liewensmëttel ze produzéieren net immens consideréiert, esou de Christian Hahn.

E Guide fir landwirtschaftlech Bauten

Den Ëmweltminister Serge Wilmes dann ass op den Aarbechtsgrupp "Bauen an enger Gréngzon" agaangen.

“Hei geet et ëm zwee Voleten: Dat eent sinn déi landwirtschaftlech Bauten. Dat heescht alles, wat zu engem Betrib gehéiert. An op där anerer Säit war d’Fro och nom Wunnhaus.”

Fir d'landwirtschaftlech Baute gëtt e Guide erstallt, huet de Serge Wilmes betount, an et soll och eng Propos komme fir Wunnhaiser a Gréngzonen. Et géif deemno nach net iwwerall konkret Resultater ginn, mee et géif een doru schaffen.

Lauschterenplay_arrow