Et ass e Wettlaf géint d'Zäit. E Mëttwoch muss déi zweet Partie vum Budget gestëmmt ginn, ganzer 800 Amendementer ginn et awer fir dës.
Gëschter um Sonndeg gouf bis Mëtternuecht debattéiert, d'Lénkspartei LFI wollt, datt ee géing weidermaachen, fir datt een net a Retard geréit, mee et gouf hei keng Majoritéit. LFI huet doropshin der Regierungskoalitioun an de Sozialiste virgehäit, datt si e Vott verhënnere wëllen, fir datt den Text an der Originalform ouni Ännerung un de Senat geet.
Eventuell Suspensioun vun der Pensiounsreform
An dëser Partie geet et ënner anerem ëm d’Suspensioun vun der ëmstriddener Pensiounsreform.
E Samschdeg hat d’Assemblée mat enger knapper Majoritéit vun nëmme 15 Stëmmen déi éischt Partie iwwer d’Recettë gestëmmt. De rietsextreemen RN an LFI hu géint de Projet votéiert, bei de Sozialiste war ee gréisstendeels dofir mat der Begrënnung, et wéilt een, datt den Debat weidergeet an d'Land e Budget kritt.
Manner Recetten, also manner ëffentlech Infrastrukturen
D’Ekologistin Sandrine Rousseau huet sech gëschter um Sonndeg op BFMTV awer consternéiert doriwwer gewisen: et géing een elo manner Recettë kréie wéi am Originaltext vun der Regierung an dowéinst wuel och manner an d’ëffentlech Infrastruktur investéieren. Am Projet gëtt et bei de Recettë keng Tax Zucman wéi d’Gauche se gefuerdert hat, och keng Light Versioun vun dëser. Dofir gouf awer d'Surtaxe op d’Mutuellë suppriméiert.
Sollt een elo net bis e Mëttwoch fäerdeg gi mam Budget, wier d'Suspensioun vun der Pensiounsreform a Gefor, well de Senat dës refuséiert.