Bei kenger Kontroll wieren awer schwéier Mängel festgestallt ginn. Gréisstendeels wieren et futtis Ventilatoren oder Klimaanlage gewiescht wou séier eng Léisung konnt fonnt ginn.
Allgemeng misst sech besser géint Canicullen opgestallt ginn
D’Betriber hätte sech deemno zum groussen Deel un d’Recommandatioune vun der ITM an der Santé gehalen, constatéiert den ITM Direkter. Wann esou Hëtztwellen awer an Zukunft méi dacks géifen optrieden, misst een sech allgemeng besser organiséieren, fënnt de Marco Boly.
"Wann dat méi heefeg virkënnt, denken ech, datt och déi Cellule d'évaluation, de risques intempéries et innondation sech do wäert an Zukunft och aneschters organiséieren. An datt een do vläicht méi fréi zesumme kënnt a méi fréi Recommandatioune kann erausginn, déi dann eeben haut eng national Envergure hunn."
Déi Recommandatioune sollten dann net nëmmen op spezifesch Secteure bezu sinn, esou de Marco Boly, an och méi konkret sinn.
"An dat och éischter de Betriber mat ze kommunizéieren, fir datt ee sech do eeben haut ka besser preparéieren."
Wann esou Canicullen zur Gewunnecht ginn, misst een och méi generell driwwer nodenken, d’Aarbechtskonditiounen ze iwwerschaffen an unzepassen, esou nach den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun ITM Marco Boly.