arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cour d’appel: Reporter.lu kritt Recht

Stater Geriicht

|
headphones

1 min

Cour d’appel: Reporter.lu kritt Recht

Den Onlinemagasinn Reporter.lu krut um Dënschdegmëtteg och op der Cour d’appel Recht géint en Affekot, deen d’Online-Publicatioun iwwer eng Citation directe ugesicht hat.

headphones

1 min

An zweeter Instanz krut d’Journalistin dofir eng Indemnité de procédure vun 2.000 Euro an de Gérant an d’S.à.r.l jee eng vu 750 Euro zougesprach. 

Den Online-Medium hat am Februar zejoert en Artikel bruecht iwwer den Affekot. Am Text war dovu rieds, datt de Barreau dem Me Lahorgue bis op Weideres verbueden hätt, fir säi Beruff ze exerzéieren.

Dem Affekot war virgehäit ginn, géint seng anti-Blanchiments-Obligatioune verstouss ze hunn. Hien hat doropshi vun der Journalistin Schuedenersatz an Héicht vun 200.000 Euro gefuerdert.

E weidert Urteel wéinst Aktivitéite mat Mannerjäregen

D’Cour d’appel an der Stad huet iwwerdeems de mëtteg eng Prisongsstrof vu 6 Joer confirméiert géint e Mann, deen d’lescht Joer klenge Kanner säi Geschlechtsdeel gewisen, respektiv anerer zum Deel plakeg soll gefilmt hunn.

Confirméiert goufen och d’Geldstrof, aus éischter Instanz vun 2.000 Euro an d’Verbuet vun 10 Joer fir Aktivitéite mat Mannerjäregen.

Fir d’Justiz war de Mann keen Onbekannten: 2023 war hie schonn, am Appel, zu enger fester Prisongsstrof vun 2,5 Joer verurteelt ginn, well hie sech am Oktober 2021 an enger Schoul zu Hesper un engem klenge Meedche vergraff hat.