arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chris Rodesch huet éischten Optrëtt op engem Grand-Slam-Tournoi

Tennis

|
reading time

1 min

Chris Rodesch huet éischten Optrëtt op engem Grand-Slam-Tournoi

Den Tennisspiller Chris Rodesch huet haut um Méindeg säin éischten Optrëtt am Haapttableau vun engem Grand-Slam-Tournoi.

reading time

1 min

© FLT
(Foto: FLT)

Zu Wimbledon spillt d'Lëtzebuerger Nummer 1 am éischten Tour géint de Spuenier Pablo Carreno Busta, dee scho mol d'Nummer 10 op der Welt war. Dës Partie ass als drëtt um Court Nummer 10 ugesat. D'Partie fänkt also eréischt am Nomëtteg un. Sollt de Chris Rodesch, deen de Moment an der Weltranglëscht op Plaz 163 steet, de spuenesche Sandplazspezialist klappen, dierft hien am zweeten Tour op den Däitschen Alexander Zverez treffen, déi aktuell Nummer 3 op der Welt.