Elo wéilt een “normal Familljebetriber besser schützen”. Am Budget 2024 hat d’Labour-Regierung entscheet eng Steier vun 20 Prozent op landwirtschaftlecht Verméige vun iwwer enger Millioun Pond ze erhiewen.
Vill Besëtz, wéineg Akommes
Ulafen sollt dës Steier am Abrëll 2026. Domat wier d’Steierbefreiung vun 1980 ofgeschaaft gewiescht. Zënterdeem protestéieren d’Baueren awer reegelméisseg a blockéieren d’Parlament zu Westminster.
D’Bauere besëtzen dacks Terrain oder Maschinne mat enger Valeur iwwer enger Millioun Pond, ma si hunn awer dacks nëmmen e klengt Akommes. Si sinn also “riches en actif, pauvres en cash”.
De President vun der brittescher Bauerenassociatioun huet der BBC erkläert, datt sech elo vill Baueren erliichtert fillen.
“Vill besuergte Bauerefamillje sinn elo erliichtert. Deen neie Virschlag vun der Regierung mécht d’Suerge méi kleng. Dat dierft ville fir d’Chrëschtdeeg zu gutt kommen.”
Réckschlag fir Keir Starmer
Schlussendlech gi Betriber mat enger Valeur vun iwwer 2,5 Millioune Pont zu 20 Prozent besteiert. Och wann d’Majoritéit vun de Baueren erliichtert ass, sinn et se awer net all.
Virun allem ass et en Zeréckruddere vun der Regierung. Déi hat nämlech méintelaang betount, si géifen d’Entscheedung net réckgängeg maachen.