“Mir wëllen net d’Police an de Parquet an d’Kannerzëmmer schécken”, seet de Charel Schmit. Et misst een d’Plattforme reguléieren zum Beispill datt hir Algorithmen net méi ofhängeg maachen. Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher fuerdert eng méi streng Reguléierung vun de soziale Plattformen a fir den Zougank zum Internet. Dofir bräicht et e coordonéierten Usaz vun allen Acteuren um Terrain, esou de Charel Schmit.
E Kampf op laang Dauer
Engersäits géif een op Altersverifikatioune setzen, déi op Europäeschem Niveau vum Digital Service Act agefouert ginn. Anerersäits fuerdert den Ombudsmann e legale Mindestalter fir de Besëtz vun engem Smartphone mat Internetaccès – déi Limitt wéilt ee bei 15 Joer usetzen.
Dat wier op den éischte Bléck zwar eng radikal Solutioun, ma d’Kanner géifen ënnert der Ofhängegkeet vum Smartphone leiden.
“All Etüde weisen, wou mer d'Eltere froen, iwwert de parental control, datt deen net klappt, datt d'Elteren iwwerfuerdert sinn, datt se net fäeg sinn dat op d'Dauer duerchzehalen. Dat heescht, mir musse vun enger anerer Säit hier déi Plattforme responsabiliséieren, mir mussen aner Barriären abauen, fir datt Kanner net a Kontakt mat Contenue kommen, déi wierklech schiedlech fir se sinn.”
Australien an Dänemark féieren zum Beispill schonn esou Alterslimitten an. Och zu Lëtzebuerg misst een zesumme mat all den Acteuren ee Konsens fannen.
Kanner a Strukture musse besser geschützt ginn
D’Zuel vun de Placementer aus de Spideeler direkt no der Gebuert hätt sech par rapport zum leschte Joer verduebelt. Et misst een deene vulnerabele Mamme scho fréizäiteg Hëllefen zoukomme loossen, seet de Charel Schmit.
Kanner ze séier ze placéieren a si vun hiren Elteren ewech ze huelen, wier net de richtege Wee.
“Dat si ganz vulnerabel Situatioune bedéngt duerch Ofhängegkeet, Opdachlosegkeet duerchaus och Prekaritéit, psychesch Krankheeten an och ganz verzweiwelt Migratiounsfäll.”
An de Strukture vun de placéierte Kanner bräicht et méi Qualitéitskontrollen. Et géife vill Fluctuatioune beim Personal ginn an dat hätt en negativen Impakt op d’Betreiungsqualitéit.