D'Chamber huet dräi vun den am Ganzen 20 Mesuren aus dem Tripartitesaccord vum 8. Juni iwwer Gesetz ugeholl. Déi dräi Energiemesure goufen all Kéier eestëmmeg gestëmmt.
Konkreet geet et ëm déi staatlech Kompensatioun vu 15 Cent pro Liter fir den Heizungsmasutt a fir den Diesel an der Landwirtschaft fir déi nächst 5 Méint, d’Kompensatioun fir deen Zäitraum vu 15 Cent pro Kubikmeter fir de Gas fir Menagen, an déi temporär staatlech Ënnerstëtzung fir Transport-Entreprisë wéinst den héije Spritpräisser.
Debatt iwwer de Sozialdialog an déi laangfristeg Strategie
An den Debatten de Moien an der Chamber hunn déi verschidde Riedner nach eng Kéier dee ganzen Tripartitesaccord vu virun engem Mount theematiséiert, grad wéi de geopolitesche Kontext - dat nieft den dräi Energiemesuren - déi elo ëmgesat goufen.
Well dës Mesurë punktuell Erliichterung mat sech bréngen, a well se d’Resultat vun engem Sozialdialog sinn, huet d’LSAP-Fraktioun dofir gestëmmt, huet den Deputéierte Georges Engel erkläert.
“Mee, dat ass ee Jo mat der klorer Erwaardung, datt dësen Elan beim Sozialdialog unhält, an d’Regierung och strukturell Moossnamen hëlt, déi eis laangfristeg weider hëllefen.”
déi gréng: Bescht Léisung ass net Kompensatioun, mee Transitioun
Och déi gréng an der Chamber hunn de Moie fir déi dräi Projete gestëmmt. Mee och si hätten eng “kloer Erwaardung” un d’CSV-DP-Regierung, esou d’Deputéiert Sam Tanson.
“Well déi bescht Äntwert op eng Energiekris ass net déi deierst Kompensatioun duerch de Staat. Déi bescht Äntwert ass ee Land, dat esou gutt virbereet ass, datt ëmmer manner kompenséiert muss ginn, well mir de Leit gehollef hunn, op erneierbar Energien ëmzeklammen.”
Piratepartei: Zil ass eng zweet Indextranche ze verhënneren
Bei de Mesuren am Tripartite-Accord hätt et ee ganz kloert eenzegt Zil ginn, huet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement festgestallt.
“Mir wëlle verhënneren, datt eng zweet Indextranche fält. Mir maachen alles, fir datt mir ënner dem Seuil vun den 2,5 Prozent bleiwen, fir datt mir kënnen eng zweet Indextranche verhënneren.”
TVA-Steierkredit fir Logementer gëtt net op 100.000 Euro gehuewen
Aus enger vun de geplangten 20 Mesuren aus dem Tripartite-Accord wäert näischt ginn: Dat huet de Finanzminister Gilles Roth (CSV) de Moien an der Chamber zouginn.
Well d’EU-Kommissioun dogéint ass, wäert et net méiglech sinn de maximale Betrag vun der steierlecher Begënschtegung, déi sech aus dem superreduzéierten TVA-Taux vun dräi Prozent ergëtt, pro gebautem oder renovéiertem Logement, vu 50.000 op 100.000 Euro ze verduebelen.
“Mir sinn de Moment amgaang mat der Kommissioun ze diskutéieren - wat jo och eng Fuerderung ass an dem Tripartite-Accord - fir ze kucken, ob een déi 50.000 Euro als Steierkredit fir d’TVA super-reduite op 3 Prozent, ob een dee kéint an d'Luucht setzen. Ech soen dat dann haut och ëffentlech, mir krute vun der Kommissioun do eng negativ Äntwert, datt dat also net geet. Esou datt dee Steierkredit vu 50.000 Euro fir den Taux super-reduit vun der TVA op 3 Prozent ze kompenséieren, datt ech deen, respektiv d'Regierung, respektiv eist Land net kann an d'Luucht setzen.”
Am Tripartite-Accord vum 8. Juni stoung, datt d’Approbatioun vun der EU-Kommissioun fir d’Verdueblung op 100.000 Euro néideg wier. De Montant hätt solle verduebelt ginn, fir en un d’Präisentwécklung unzepassen. Doraus wäert also näischt ginn.
Regierung sicht no Alternativen
Dem Gilles Roth no, hätt hie sech vis-à-vis vun de Sozialpartner engagéiert, no alternative Mesuren ze sichen, fir de Kaf vu Wunnraum méi attraktiv ze maachen. Hie kéint sech virstellen, der Chamber zesumme mam Logementsminister Claude Meisch (DP) deemnächst ee Moossnamekatalog kënne virzeleeën, huet de Finanzminister haut um Krautmaart ugekënnegt.