D’Oppositiounsparteien déi gréng, déi Lénk an d’LSAP hunn d’Texter net matgestëmmt.
Centres de filtrage wäerte kommen
Ronn fënnef Stonne laang huet den Debat an der Chamber gedauert. Zum éischte Gesetzesprojet, dee gestëmmt gouf, sot d’Rapportrice Stéphanie Weydert, et wier eng vun de gréisste Reformen am EU-Asylrecht zënter Joren.
Eng Haaptännerung wäert d’Aféierung vun engem Centre de filtrage am Garer Quartier am alen ADEMs-Gebai sinn. Do sollen an Zukunft Persounen, déi irregulär an d’Land kommen, bannent dräi bis siwen Deeg iwwerpréift ginn.
Dat heescht Identitéitscheck, Sécherheets- a Gesondheetsiwwerpréiwung. An och de gesetzleche Spillraum fir an Zukunft Mannerjäreger ënner bestëmmte Konditioune fir dee Screening kënnen a Retentioun ze setzen, gouf large kritiséiert. Beispillsweis vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic.
"Bis haut hu mir zu Lëtzebuerg mat Stolz ee Prinzip gehalen. Mannerjäreger op der Flucht, a juristescher Sprooch also Mineurs non accompagnés genannt, ginn net a Retentioun gesat. Dëse Prinzip huet Lëtzebuerg vun anere Länner ënnerscheet. Dëst Gesetz brécht mat deem Prinzip."
All Mount solle ronn 200 Leit ouni Pabeieren an dee Centre de Filtrage bruecht ginn, esou de Marc Baum vun déi Lénk. Dobäi huet hien d’Intentioun vum Inneminister Léon Gloden a Fro gestallt.
"Well 200 Sans-papier pro Mount, déi gräift een hei zu Lëtzebuerg net einfach esou bei Verkéierskontrollen op?"
DPIe sollen den Accès op den Aarbechtsmarché vereinfacht ginn
Bei deem zweete Gesetzestext, bei deem et ëm d’Integratioun vun Demandeurs de Protection International, kuerz DPI, um Aarbechtsmarché geet, huet d’Oppositioun deelweis effektiv Verbesserunge gesinn, zum Beispill soll den Accès op den Aarbechtsmarché vu sechs op véier Méint reduzéiert ginn.
Eng Kritik um Fong war awer, datt d’Aarbechtsrecht net virgesäit, datt d’DPIe sech bei der ADEM kënnen aschreiwen. Dozou géifen awer den Ament Diskussioune lafen, huet de Familljeminister Max Hahn betount.