Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Chamber gëtt sech 10 Leetlinne fir de Gebrauch vu kënschtlecher Intelligenz

Kënschtlech Intelligenz

Chamber gëtt sech 10 Leetlinne fir de Gebrauch vu kënschtlecher Intelligenz

D‘Chamber wëll de Gebrauch vun artifizieller Intelligenz am Parlament encadréieren a gëtt sech dofir eng eege Charta. Domat wier d‘Lëtzebuerger Parlament ënnert den éischten an der EU fir sech esou Leetlinnen ze ginn, heescht et um Site vun der Chamber.

auto_stories

1 min

Konkret hätt d‘Charta 10 Leitlinnen – notamment zum Thema Transparenz, Ethik a Verantwortung. Zum Beispill wier virgesinn, datt all System vu kënschtlecher Intelligenz d‘mënschlech Aktivitéit ënnerstëtzen an net ersetze soll, heescht et nach um Chambersite. D‘Charta baséiert um EU-Reglement iwwer artifiziell Intelligenz.