Datt CASA Lëtzebuerg an eng Faillite geréit war ze erwaarden. D’Geschäfter goufen nämlech vun der belscher Firma CASA beliwwert an déi war schonn de 5. Mäerz bankrott.
Aarbechter:inne gi weider bezuelt
D’Geschäfter déi virun allem Dekoratiounsartikelen a kleng Miwwel verkaf hunn, krute keng Wuer méi an et war nëmmen eng Fro vun der Zäit, wéini d’Dieren zu Lëtzebuerg géifen zougemaach ginn. Dat selwecht ass och virun zwou Wochen a Frankräich geschitt.
Den Tiago Afonso vum LCGB präziséiert awer datt d’Personal bis elo bezuelt gouf.
“Tout a été payé en bonne et due forme. Donc il n'y a aucun souci là-dessus.”
Nach bis de 15. Juli sollen d’Salaire weider bezuelt ginn, esou nach den Tiago Afonso.
Och hir Vakanze wieren an der Déclaration de créance opgelëscht, esou datt se elo awer Recht op Congé behalen.
Am Fall vun enger Faillite huet d’Personal iwwerdeems ee Recht op eng Indemnitéit, déi bei der Hallschent vum normale Preavis läit.
Nächste Mëttwoch kënnen d’Salariéeë beim LCGB an enger Reunioun Explikatioune kréien iwwert d’Demarchen.
Déi meescht Salariéë vu CASA si Grenzgänger:innen. D’Chômageindemnitéite kréien si an hirem Residenzland, par konter kënnen si och vun der ADEM gehollef kréie bei der Sich no enger neier Aarbecht.