arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Direkter vum CGDIS : "Eemol Pompjee, ëmmer Pompjee" géif haut net méi gëllen

CGDIS

|
reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow

Direkter vum CGDIS : "Eemol Pompjee, ëmmer Pompjee" géif haut net méi gëllen

Déi rezent Hëtztwelle wiere fir d'Rettungsdéngschter immens intensiv gewiescht. Dat sot de Paul Schroeder, Direkter vum CGDIS, op eiser Antenn. Zu de Spëtze vun der Canicule hätt de CGDIS an déi 70 Prozent méi Asätz gehat wéi op normalen Deeg, an der Haaptsaach Ambulanzen.

reading time

3 min

headphones

14 min

play_arrow
Ana Angel  | © Ana Angel
Paul Schroeder CGDIS (Foto: Ana Angel)

De CGDIS wier ee wichtegen Acteur am Beräich vun der Klimaadaptatioun, esou de Paul Schroeder. Den Direkter vum CGDIS war de Moien eisen Invité vum Dag.

"Ech mengen, mir kommen eeben zum Asaz, wann d'preventiv Mesuren net méi hëllefen."

Hie mengt, datt ee sech drop astelle muss, datt d'Frequenz an d'Intensitéit zouhëlt a mir méi extreem Wiederphenomeener erliewe wäerten. Hei misst een sech als Gesellschaft, awer natierlech och als CGDIS drop astellen. 

An de leschte Joren hätt een dat jo hei am Land scho gemierkt. Dës Extreemer kéinte vun engem Tornado iwwer "flash floods" bis hin zu Canicule an extreemer Dréchent goen.

Eng nei Telefonslinn fir manner urgent Froen?

Besonnesch owes oder de Weekend géif ee beim CGDIS awer och mierken, datt Leit d'Ambulanz ruffen, och wann et sech net ëm eng direkt Urgence handelt. Dat well d'Maison-médicallen heefeg voll sinn, respektiv si hiren Hausdokter net erreechen. 

Bei der Police gouf rezent eng sougenannte Ligne Bleu ageféiert. Eng Telefonslinn, op déi een uruffe ka fir méi allgemeng Froen. Dës soll den 113 entlaaschten. 

Op d'Fro, ob et net sënnvoll wier, änlech wéi bei der Police, och beim Rettungsdéngscht esou eng Linn anzeféieren, sot den Direkter vum CGDIS, datt een hei schonn doriwwer nogeduecht hätt. Mee dës Iddi wier dunn awer net weiderverfollegt ginn. 

"Firwat dat esou ass, kann ech Iech elo wierklech net soen."

Leit aus dem Ausland besser integréieren

Den CGDIS bedauert iwwerdeems, datt si bei hirem Rekrutement virun allem auslännesch Matbierger:innen nëmmen zum Deel erreechen. 

Wéi de Paul Schroeder de Moie bei eis op der Antenn sot, géife sech zwar reegelméisseg Leit aus beispillsweis Portugal oder dem Cap Vert mellen, déi och an hire Länner aktiv waren. Leider géif een et awer nach net gutt genuch hi kréien, esou Leit beim CGDIS ze integréieren. Ee vun de Grënn wier sécherlech d'Sproochbarriär. 

Hei misst awer och d'Ekipp vum CGDIS méi tolerant ginn, mengt hiren Direkter. Dat an deem Sënn, datt een net direkt erwaarde sollt, datt Leit déi sech fräiwëlleg mellen, direkt operationell sinn.

"Ech mengen do musse mir eis méi Zäit huelen, fir déi Leit virzebereeden. Mir musse sécherlech och kucken, ob et méiglech ass iwwer an am CGDIS eeben iwwertd'Sproochecoursen dann och déi Integratioun hinzekréien."

"Eemol Pompjee, ëmmer Pompjee" 

Allgemeng géife sech vill Fräiwëlleger nëmmen nach fir e puer Joer engagéieren. De Prinzip “eemol Pompjee, ëmmer Pompjee” géif haut net méi gëllen, seet de CGDIS-Direkter Paul Schroeder. Dofir schafft de CGDIS un neie Modeller, déi dem verännerte Fräiwëllegen-Engagement Rechnung droen.

"An eis Ausbildung ass awer och op e laangt Engagement ausgeluecht."

D'Ausbildung soll esou ugepasst ginn, datt nei Fräiwëlleger méi séier asazbereet sinn.

play_arrow Lauschteren