arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 4. Plaz fir Lëtzebuerg bei der Qualitéit vun de Gewässer, an deenen ee schwamme kann

Europäesch Ëmweltagence

|
reading time

1 min

4. Plaz fir Lëtzebuerg bei der Qualitéit vun de Gewässer, an deenen ee schwamme kann

D‘"Badegewässer" an Europa hunn eng gutt Waasserqualitéit. Engem Rapport vun der europäescher Ëmwelt Agence no hunn d’lescht Joer 96 Prozent vun de Séien, Flëss a Mierer de Mindest-Standard erfëllt. Bei knapp 85 Prozent war d’Qualitéit excellent.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Bei der Lëscht vun den Inlandsgewässer kënnt Lëtzebuerg op déi véiert Plaz vun de 27 EU-Staten, hanner Éisträich, Finnland an Dänemark.

Lëtzebuerg iwwer dem EU-Duerchschnëtt

Mat ronn 94 Prozent excellent a 6 Prozent gutt agestuuftem Waasser, an dem ee schwamme kann, läit d’Qualitéit hei am Land däitlech iwwer dem EU-Duerchschnëtt.

Fir dat festzeleeën, goufen am Ganzen op 17 Plazen zu Lëtzebuerg d’Waasser getest. Um Stauséi, um Wäiswampecher Séi an op de Baggerweieren zu Rëmersche war d'Waasserqualitéit deemno excellent, um Iechternacher Séi gouf se als gutt agestuuft.

Onofhängeg vun de Badegewässer huet Lëtzebuerg allerdéngs déi schlechtste Waasserqualitéit an der EU. An engem Rapport vun der EU Kommissioun, den Uganks des Mounts rauskomm ass, war vu signifikante Pollutioune Rieds, déi net nëmmen der Ëmwelt mee och d’Stabilitéit vun der Ekonomie a Fro stelle géifen.