Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
search

/ CPJPO: Lëtzebuerg verstoppt sech hannert eidele Floskelen

Unerkennung vu Palästina

CPJPO: Lëtzebuerg verstoppt sech hannert eidele Floskelen

De Comitée pour une paix juste au proche Orient versteet net, firwat Lëtzebuerg Palästina net als eegene Staat unerkennt. Dat soten d’Vertrieder:innen um Dënschdegmoie virun der Press.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Ana Angel play_arrow
Foto: Ana Angel

Fir de Comité pour une paix juste au proche Orient riskéiert d’Lëtzebuerger Regierung mat responsabel gemaach ze ginn, fir e Génocide. Dat sot de President vum CPJPO, de Jules Bartel, um Dënschdegmoie virun der Press. Trotz Resolutioune vun der UNO an engem Urteel vum Internationale Geriichtshaff, datt et e Risiko vun engem Genozid an der Gazasträif géif ginn, géif Lëtzebuerg sech weiderhin hannert eidele Floskele verstoppen, mengt de Jules Barthel.

"Lo stellt Iech einfach mol vir, wann an e puer Joer, alleguerten dat opgeschafft gëtt, wann sech lo erausstellt, datt et effektiv e Genozid war. Si riskéieren awer, u sech gesot ze kréien: Hei, Dir waart mat responsabel fir dee Genozid, deen do geschitt ass. Well et gëtt jo net konkreet reagéiert."

play_arrow Ausso lauschterenplay_arrow

Weider weist de Comité pour une paix just op d’Situatioun am Westjordanland hin – do géif déi israelesch Arméi mat der selwechter Logik wéi och an der Gaza-Sträif Onschëlleger ëmbréngen. De Comité pour une paix just fäert, datt d’Westjordanland dat zweet Gaza kéint ginn.