De Conseil national des finances publiques huet déi Warnung bei der Presentatioun vu senger Evaluatioun vun den ëffentleche Finanzen um Dënschdeg formuléiert.
De President vum Conseil Romain Bausch huet d’Fro opgeworf, wéi eng finanziell Ressourcen de Staat nach fir zukünfteg Erausfuerderunge behält.
"Virun allem wann et Chocs économiques, oder géopolitiques oder climatiques oder wat och ëmmer gëtt, well d’Situatioun dach finanziell gesinn, hei sech iwwer d’Zäit verschlechtert."
De pluriannuelle Budget gesäit keng graduell Progressioun fir den Defense-Effort mam Zil vu fënnef Prozent vum RNB (Revenu National Brut) am Joer 2035 vir, huet de CNFP festgestallt. Dobäi komme manner Recettë fir de Staat duerch d’Steierreform.
"D’Conclusioun, d’Recetten, déi am Pluriannuell sinn, riskéieren iwwerschat ze sinn, well den Impakt vun der Steierreform 2028/29 nach net dran ass. An d’Previsioune vun den Depensë riskéieren ënnerschat ze sinn, well den Effort de défense bäibehale gëtt op deem Niveau vun zwee Prozent."
Salairen am Secteur public klamme "ganz, ganz vill"
Scho vun Enn vun dësem Joer u wäert Lëtzebuerg zwee Prozent vum nationale Räichtum fir d’Sécherheet investéieren, hat de Premier Luc Frieden am Mee dëst Joer an der Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt. De Romain Bausch traut där Saach awer net ganz.
"Also wann et zwee Prozent wierklech solle sinn, wéi annoncéiert, da feele 450 Milliounen Ausgaben 2025. Mee mir wëssen net, ob wierklech dann déi Ausgabe solle gemaach ginn, oder ob et bei deenen 1,3 Prozent vum RNB bleift."
De CNFP huet och festgestallt, datt an der Tëschenzäit een Drëttel vun den neien Aarbechtsplazen am Secteur public geschaf ginn. D’Staatsausgabe fir d’Salairë wieren an de leschte fënnef Joer ëm all Kéier aacht bis néng Prozent geklommen: dat wier “ganz, ganz vill”, esou nach de Romain Bausch.
De Conseil national des finances publiques (CNFP) huet als Missioun déi ëffentlech Finanzen op eng onofhängeg Aart a Weis z’evaluéieren.