D’Europäesch Unioun wäert de Mercosur Accord provisoresch applizéieren. Dat huet d’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, Ursula von der Leyen, matgedeelt.
Den Accord mat véier südamerikanesche Länner war am Januar vun enger Majoritéit vun de 27 EU-Memberlänner ugeholl ginn. D’Europaparlament, wat en och guttheesche muss, huet dat nach net gemaach.
Provisoresch Applikatioun ass den EU-Traitéë no méiglech
An de leschte Wochen hätt si intensiven Austausch mat Vertrieder aus de Memberlänner, genee ewéi dem Europaparlament gehat, esou d’Ursula von der Leyen. Déi provisoresch Applikatioun wier esou an den EU-Traitéeen virgesinn, den Accord wier awer eréicht da komplett ofgeschloss, wann d’Parlament en och gutt geheescht huet.
D’Kommissiounscheffin huet de Mercosur-Accord als ee vun de wichtegsten Handelsofkommes an där éischter Hallschent vun dësem Joerhonnert bezeechent, als “eng Plattform mat Partner, déi d’Welt esou gesi wéi mir”.
D’EU géif doduerch méi staark a méi onofhängeg. D’europäesch Entreprisen an d’Bierger sollten esou séier ewéi méiglech vun deem Accord profitéiere kënnen, esou d’Kommissiounscheffin an enger kuerzer Deklaratioun.