Et gouf en neien Exekutivbüro gewielt. President gouf, wéi annoncéiert, de Gilbert Goergen, als Vizepresidente sinn d‘Romance Scheuer an de Rol Girres gewielt, Generalsekretär ass den Yves Scharlé. De ganze Conseil wier present gewiescht, schreift de Fabio Secci. De Vott war unanime.
Et sinn nach eng Partie Kommissioune bei der CMCM kreéiert ginn, déi jeeweils aus engem President an 2 bis 4 Membere vum Conseil gebilt ginn. D'Kommissioune sinn ënner anerem fir d‘Nominatiounen an d‘Remuneratiounen, fir Formatiounen, Informatik oder och nach fir Kommunikatioun.