arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Budget fir nächst Joer realistesch, awer nach Onsécherheete fir déi Joren duerno

Avis vun Zentralbank

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Budget fir nächst Joer realistesch, awer nach Onsécherheete fir déi Joren duerno

D'Lëtzebuerger Zentralbank analyséiert an hirem Avis zum Staatsbudget 2026 d'Evolutioun vun de Recetten an den Depensen. D'BCL geet dovunner aus, datt de Budget fir d'nächst Joer relativ realistesch ass, esou géif et awer fir déi Joren duerno nach vill Onsécherheeten.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / Horst Galuschka dpa | Horst Galuschka
(Foto: picture alliance / Horst Galuschka dpa | Horst Galuschka)

De President vun der BCL, de Gaston Reinesch, fuerdert scho méi laang vun der Regierung, den Zougang ze kréien zu verschiddenen Donnéeë vun de Lëtzebuerger Verwaltungen. An der Chamberfinanzkommissioun um Méindeg huet hien dat widderholl. 

Et hätt ee mëttlerweil besser Informatiounen iwwer d’Steierrecetten, mee dat gëllt net fir d’Ausgabe vun den ëffentlechen Administratiounen. Dat wier der BCL no awer wesentlech fir eng déifgräifend Analys kënnen ze maache vun der budgetärer Situatioun hei am Land.

All Joer déi selwecht Debatt 

Där Meenung ass och déi gréng Deputéiert Sam Tanson. An dat misst geléist ginn, mengt déi gréng Deputéiert, et kéint net sinn, datt een all Joer déi selwecht Diskussioun féiere misst. 

"Ech weess, dat gouf et och scho bei de viregte Regierungen. Mee ech denke schonn, datt et extreem wichteg ass, datt mir all zesumme kënnen op Basis vu seriöen Donnéeë schaffen an och jiddwereen en Zougang zu dee richtegen Donnéeën huet."

Et ginn dann och gréisser Ënnerscheeder tëschent den Zuelen, déi am Budgetsgesetz stinn an den Donnéeë vum Statec, déi am Oktober nom Depot vum Staatsbudget publizéiert goufen, notéiert d’BCL an hirem Avis zum Staatsbudget 2026.

D’Zentralbank notéiert och all déi Changementer déi bei de Recette geplangt sinn.

Onkloerheete fir déi nächst Joren 

D’Hausse vun de Cotisatioune fir d’Pensioun dréckt d’Steierrecetten, well déi Depense jo steierlech ofgesat ginn. Bei den Accisë gëtt et fir dëst an dat anert Joer eng Hausse vun de Recettë wéinst dem Tubak, mee et ass och net gewosst, wéi eng europäesch Decisiounen an Zukunft wäerte getraff ginn.

Wéinst dem grousse Präisënnerscheed beim Tubak tëschent Lëtzebuerg a sengen Nopeschlänner, bréngt de Verkaf dem Lëtzebuerger Staat ronn 1,3 Milliarden Euro.

An der Analys vun der Zentralbank ginn eng ganz Rei un neien Depensen opgelëscht, déi an den nächste Joren de Budget wäerte belaaschten, wéi d’Steierreform, där hire Käschtepunkt nach net ganz kloer ass. Mee och a Punkto Defense klammen d’Ausgaben a mëttelfristeg wéisst een net, wéi een Impakt dat wäert genee hunn.

Internationale Kontext ass fragil 

D’BCL mécht dann och drop opmierksam, datt déi international Situatioun méi wéi fragil ass. Eng nei Kris kéint net ausgeschloss ginn, mengt d’Diane Adehm, CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Chamber Finanzkommissioun. D'BCL hätt hinne gesot, et wier een an engem ganz schwieregen ekonomeschen Ëmfeld. 

"Wat net esou einfach ze handhaben ass de Moment, mir haten 2008-2009 eng Kris, déi awer vill Sue kascht huet, mir hunn elo nach eng Kris gehat mat der Covidkris a jo, mir musse kucken, datt mir an Zukunft de Fouss beim Mol halen."

Een anere Sujet am Avis vun der BCL ass dann och de Besoin un neien a spezialiséierten Aarbechtskräften. Fir déi unzezéien, misst een d’Attraktivitéit verbesseren, notamment a punkto Logement.

play_arrow Lauschteren