Oft géif ee jo soen, datt wann d’Coursen op de Boursse klammen, da wier dat en Zeechen, datt et der Wirtschaft gutt geet, esou de Guy Wagner Investment-Direkter vun der Banque de Luxembourg Investments:
"A souguer d'Politiker kucken dat jo heiansdo, andeem se soen, maja d'Bourse schéngt jo awer ze weisen, datt a priori alles an der Rei ass. Mee dat ass hautzudaags ëmmer manner de Fall, well an der Bourse gëtt immens vill passiv investéiert."
D'Leit géifen heefeg an Indexfongen investéieren. Dëst wieren oft Fonge vu groussen amerikaneschen Tech-Firmen. Dëst hätt och dozou gefouert, datt d'Bourssen an d'Luucht gaange sinn. Mee dës Hausse wier net méi onbedéngt representativ fir de Rescht vum Marché "a ganz sécher och net méi representativ fir d'Ekonomie allgemeng", esou den Expert.
Vertrauensverloscht an Pabeier-Wärung
Un der Hausse vun de Präisser bei Aktien, Gold oder och Immobilië kéint een e Vertrauensverloscht an d’Pabeier-Wärung erkennen. Et wier awer iwwerdriwwen aktuell op de Boursse vun enger Tech-Bulle ze schwätzen, mengt de Guy Wagner. Grouss Tech-Konzerner wéi Microsoft, Apple, Nvidia hätten e Chiffer d'affaires, “deen en plus klemm, si hu Benefisser” esou den Expert. An deem Sënn wier et eebe keng sou genannte Bulle.
"Et ass méi eng Fro, datt effektiv déi Bewäertunge vun deenen, vun deenen Entreprisen an der Zwëschenzäit héich gi sinn. An datt virun allem, wéi gesot, datt een d'Impressioun huet, datt et virun allem déi Wäerter sinn, déi de Marché nach, nach nu uewen dreiwen."
Datt dës Entreprisen de Marché nach weider no uewen dreiwen, wier logesch. Kënschtlech Intelligenz, a Cloud-Déngschter géifen d'Imaginatioun vun Investisseuren undreiwen, an dat géif op der Bourse ëmmer douou beidroen, “datt natierlech déi Theemen extreem gespillt ginn”.
Héich Staatsscholden
Wéinst der héijer Staatsverscholdung a ville Länner hätten d’Leit iwwerdeems éischter de Reflex an Entreprisen ze investéieren, wéi a Staatsemprunten. Well si fäerten hir Suen net méi erëm ze kréien, respektiv, datt déi staark u Wäert verléieren.
D’Demographie an de groussen Industriestaten, déi doduerch gekennzeechent ass, datt Leit ëmmer méi al ginn, géif de Problem vun den héije Staatsscholden zousätzlech ufeieren. Vue datt vill Staatsausgaben an de Gesondheets- a Pensiounssystem fléissen.
Dollar: Zentrum vun eisem Finanzsystem
Den amerikanesch Staat wier massiv verscholt. All Joer géif en Defizit dobäi kommen. Schonn elo wiere praktesch 15 Prozent vun den US-amerikaneschen Staatsausgaben eleng Zënsen déi si op hir Dette publique bezuelen. “Dat gëtt natierlech fréier oder spéider e massive Problem”, esou den Investment-Direkter.
Wn keen déi Staatsemprunte méi kafe wëll, “da muss ënner Ëmstänn d'Zentralbank se selwer kafen”. Dës kéint zu Inflatioun féiere.
D’Situatioun an den USA ass bedenklech fir déi gesamt Weltwirtschaft, well “den Dollar den Zentrum vun eisem Finanzsystem ass”, heescht et nach vum Guy Wagner vun der Banque de Luxembourg Investments