E Bëschbrand am amerikanesche Staat Washington huet Honnerte Gebaier zerstéiert
E Bëschbrand am amerikanesche Staat Washington huet an der Stad Spokane Honnerte Gebaier an Haiser zerstéiert. D‘Autoritéite schwätze vu 600 Gebailechkeeten, déi an der 230.000 Awunner Stad Affer vum Feier goufen.
Bëschbränn an den USA (Foto: picture alliance / Photoshot | -)
Op et Blesséierter oder Doudeger gouf ass onkloer, dat géif nach iwwerpréift ginn, esou d‘Buergermeeschtesch. Ier d‘Feier d‘Stad erreecht huet ware virgëschter Owend Dausenden Awunner evakuéiert ginn.
Am Staat Washington gëtt et eng Dréchent, et gëtt 15 gréisser Bëschbränn. De Gouverneur huet de Noutstand deklaréiert.