arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Mëttelmier viru Mallorca huet 33,02 Grad Celsius – esou waarm wéi nach ni

Klima

|
reading time

1 min

D'Mëttelmier viru Mallorca huet 33,02 Grad Celsius – esou waarm wéi nach ni

De spuenesche Wiederdéngscht huet matgedeelt, datt eng Boje, déi d'Temperatur vum Waasser moosst, eng Rekordtemperatur vun 33,02 Grad enregistréiert huet. D'Waassertemperaturen am westleche Mëttelmier géifen allgemeng ronn 4 Grad Celsius iwwer dem Duerchschnëtt leien.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Clara Margais
(Foto: picture alliance/dpa | Clara Margais)

D'Ökosystemer vun de Mierer géifen duerch déi héich Temperature massiv geschiedegt ginn, esou d'Klimatologen, déi op en Neits betounen, datt dëst d'Follge vum mënschlech gemaachte Klimawandel sinn. 

Nächsten Hierscht kéint stiermesch an naass ginn

Dës héich Temperature suergen dofir, datt et och nuets net méi ofkillt an d'Loftfiichtegkeet extreem héich ass. 

D'Temperature beaflossen op laang Siicht awer och d'Wieder vum nächsten Hierscht: Duerch déi héich Temperature géif vill Waasser verdonsten. Wann dann am Hierscht kal Loftmassen dodrop stoussen, kënnen déi sech a Staarkreen a Stierm entwéckelen.