arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bei den Iwwerschwemmungen a Südostasien sinn op d‘mannst 1.200 Leit gestuerwen

Naturkatastroph

|
headphones

1 min

Bei den Iwwerschwemmungen a Südostasien sinn op d‘mannst 1.200 Leit gestuerwen

An Indonesien ass de Bilan vun den Iwwerschwemmungen op der Insel Sumatra op 631 Doudeger geklommen. Eng 470 Mënsche ginn nach vermësst, sou en neie Bilan vun der indoneesescher Agence fir d‘Gestioun vu Katastrophen.

headphones

1 min

©  EPA/BASARNAS/HANDOUT
(Foto: EPA/BASARNAS/HANDOUT)

Eng Millioun Leit wieren evakuéiert an a Nout-Strukturen ënnerbruecht ginn. 

Och an Thailand, Malaysien an op Sri Lanka huet deen aussergewéinlech staarke Reen Iwwerschwemmunge mat Honnerten Doudege verursaacht.

De Bilan läit elo bei op d‘mannst 1.200 Doudesaffer.