Wéi d’Wuert et schonns selwer verréit, vermësche sech an der Geopoesie Landschafte mat der Lyrik. Si bitt ee Raum an deem d’Aussewelt an déi natierlech Elementer méi genee mat den Emotiounen a Kontakt kommen. Esou entsteet eng Aart Dialog, a Plaze vun deenen ee sech ugezu fillt, fërderen deen nach méi.
De Champignon bei Noumer, engem klengen Duerf am Zentrum vum Land, kéint esou eng Plaz sinn. Nieft lauter Felder a Bëscher schéngt hei an enger dënner Wiss de Sandsteen aus dem Buedem eraus ze wuessen. Et leien e puer Fielsen a Steng ronderëm, an no Westen ergëtt sech eng kilometerwäit Vue bis un de leschten Horizont. Mir stinn op enger Kopp, déi sech iergendwéi awer och wéi eng Kaul ufillt: Tëschent dem Geäscht vu Beem an de Fielse fënnt een sech hei zu recht.
Um Bord vum Site läit ee grousse Block aus Sandsteen, deen och well gutt mat Mooss a Buedem iwwerwuess ass. E passt harmonesch an d’Landschaft, mee ee méi geneeë Bléck verréit seng eckeg Form. Et gesäit aus, wéi wann iergendeen hei Träppleken dra geschloen hätt, seet de Robert Weis.
“Effektiv gouf et an de 60er Joren éischt Ausgruewungen op dëser Plaz, an déi hu festgestallt, datt et sech hei ëm d'Reschter vun engem gallo-réimesche Steebroch handelt. Dat war natierlech elo net ee Steebroch wéi mer en haut kennen, dat war vill méi kleng-raimesch, fir de lokale Gebrauch, an dat gouf natierlech alles per Hand [ofgebaut]. Si hu Splécken am Sandstee geholl, fir déi eenzel Bléck ze briechen.”
Verschidde Spuere si komplett verschwonnen
Op der Wiss hei uewe goufe weider Fielsbléck ënnersicht, a 60 dovu géifen Zeeche vu mënschlecher Aktivitéit droen, déi zum Deel Dausende vu Joren zeréck läit.
Verschidde Spueren deite souguer op Besiidlungen zanter der Mëttelsteenzäit hin. Wéi zum Beispill dräi déif Linnen an engem méi flaache Fiels, déi sou ausgesinn, wéi wa riseg Kralle probéiert hätten de Steen op ze rappen. Dëst si Schläifrillen, an déi komme warscheinlech dovun, datt Handwierksgeschier um Stee geschlaff gouf. Och wann dës Spuere bis zu 10.000 Joer al kéinte sinn, heescht dat net, datt se onbedéngt fir ëmmer bleiwe wäerten.
“Well awer och de Sandsteen enger gewësser Erosioun ënnerläit, ginn déi mat der Zäit ëmmer ë bëssi méi onschaarf. A bei deene Rillen ass dat elo nach net sou schlëmm, well déi relativ déif sinn. Et ass awer gutt méiglech, datt et och Inscriptioune gouf, oder Spueren, déi vill méi iwwerflächlech waren, déi am Fong haut guer net méi ze gesi sinn.”
Och rezent Inscriptioune kéinten an Zukunft intressant ginn
Direkt nieft de Gravéierungen aus der Steenzäit fënnt een um selwechte Steen och nach méi rezenter: een Häerz, e puer Nimm, an een Datum aus dem Joer 1996 sinn der e puer dovun. Et ass schwéier sech dat virzestellen, mee tatsächlech leien Dausende vu Joren tëscht all de Markéierungen op dësem Fiels. Dobäi géifen déi nei Inscriptiounen zwar ural wäertvoll Spueren zerstéieren, mee:
“Wee weess, an zéngdausend Joer, vläicht sinn déi Inscriptiounen, déi Häerzer an Nimm, déi lo an de leschte Joerzéngten dobäi komm sinn, fir d'Archeologe vun der Zukunft ganz interessant, fir eppes iwwert eis Zivilisatioun auszesoen.”
E Fiels wéi ee Champignon
Gefillt an der Mëtt vum Site steet de markantste Fiels vun en all. En ass véier Meter héisch an ass geformt wéi ee Champignon - e breede Kapp an ee méi schmuele Sockel. De Stee gëtt der Plaz hiren Numm a markéiert eng Aart Schwéierpunkt, a fir sou muncher huet en eng Presenz déi weider zum denken ureegt.
“An der prehistorescher Zäit goufe jo vill Megalitten opgeriicht. Also Dolmen, Menhiren, an et kann ee sech vläicht virstellen, och wann et wierklech keng wëssenschaftlech Hiweiser ginn, datt dëse Monolith hei, dësen elengstoende Steen, vläicht och eng änlech Funktioun hat. Ech ka mer ganz schwéier virstellen, datt en net iergendwéi een Afloss hat op déi Mënschen, déi hei zäitweis vläicht gewunnt hunn, oder op der Juegd hei laanscht gaange sinn. Also en ass sou speziell a senger Form, sou charakteristesch, datt et, mengen ech, zanter der Préhistoire eng Plaz ass, déi d'Mënschen einfach magesch ugezunn huet.”
D’Form vum Champignon ass duerch d’Verwitterung entstanen. Déi iewescht Schicht besteet aus méi festem Sandsteen, an de Sockel aus méi mëllem. Deen ass vill méi ufälleg op Wand a Reen, a gëtt doduerch och éischter vum Wieder wech gespullt.
“Et ass fir mech ëmmer erëm faszinéierend, deen Zyklus vum Gestengs. Dee Sand hei, deen ech lo hei lass krazen, dee lo a menger Hand läit, dat war mol eng Kéier Sand, deen an engem ganz flaache Mier of gelagert ginn ass. Südlech vun enger Insel, déi do louch, wou haut d'Ardennen an d'Rheinescht-Massiv, also d'Eifel leien. Virun 200 Millioune Joren [...] ass dee Sand do of gelagert ginn. Deen huet sech iwwer Millioune Joer duerch de Gebiergsdrock verfestegt, an ass zu deem Sandstee ginn, dee mer haut als Lëtzebuerger Sandstee kennen. Wann dee Sand dann no 200 Millioune Joer, no deem en zu Stee ginn ass, och erëm eng Kéier zu Sand gëtt. Dee Sand, dee gëtt da vläicht an eng Baach geschwemmt, da kënnt en an ee Floss an iergendwann eng Kéier lant e rëm eng Kéier am Mier, an da geet de Zyklus vu vir lass.”
An do gëtt engem séier kloer: Fielse wéi de Champignon sinn Zeie vun Zäiträim, déi schwéier ze begräife sinn. Et ass eng Plaz, déi eng Aart Synonym fir enorm Gréisstenuerdnung bitt, an domat dréit se och ee gewëssenen “Esprit du lieu” mat sech. Dee setzt sech aus der Gefillswelt an der tatsächlecher Plaz zesummen – a genee doraus zitt de Robert Weis de Stoff fir seng Poesie, wéi zum Beispill fir déi nächst Zeilen. (D’Gedicht “Tale of the Dancing Rocks” aus dem Robert Weis sengem Gedichtband Rêves d’un mangeur de kakis (Michikusa Publishing, 2023).)
“Embrasser la plénitude du temps
C’est embrasser la dimension plus vraie
Ma vie est un rocher ancien habillé de mousse
Qui danse à travers le temps et l’espace
Rien ne se crée
Tout se transforme
Un monde dans un grain de sable
Figé dans un rocher en grès
Et encore du sable
Sous nos pieds
Alors que nous dansons sur l’île du diable, sous les pins sylvestrse
Ces grands bonsaïs lettrés
Qui nous racontent la valse lente
Du monde mineral qui nourrit
Le récit de notre existence sur Terre.”
Geopoetik kann een net reng rationell begräifen
Esou entsteet eng Poesie, déi sech op de Mënsch an dat natierlecht Ëmfeld bezitt: D’Geopoesie. Sie gëtt vun de Naturwëssenschaften an der Literatur beaflosst, a mécht een neie Milieu op, an deem all déi verschidden Disziplinnen op enee stoussen. Doduerch entseet ee méi sensibele Rapport zur Äerd, a fir deen ze spieren, géif et net duer goen, fir sech eleng op d’Schrëft ze bezéien.
“D'Geopoetik ass am Fong eng Praxis. Et ass net eppes wat ee léiert, mee wat en duerch de Kierper, duerch d'Rausgoen an d'Natur, am Fong déi Sensibilitéit entwéckelt. Et ass just sou, wéi een déi Sensibilitéit kann entwéckelen, et ass näischt wat e reng rationell ka begräifen.”
An der Steenzäit goufen d’Mënsche schonns vun dëser Plaz hei uewen zu Noumer ugezunn, an och haut nach, dausende vu Jore méi spéit, gëtt se nach ëmmer gutt besicht. D’Leit kommen a ginn, d’Fielse gi weider vum Wieder gewäsch, an d’Sandkäre fléissen zeréck an d’Baachen a Flëss. An nach ëmmer hannerloosse mer Spueren am Steen.