arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bedruch am Immigratiounsberäich: Pirate fuerderen Erklärunge vum Jean Asselborn

National

|
reading time

1 min

Bedruch am Immigratiounsberäich: Pirate fuerderen Erklärunge vum Jean Asselborn

D‘Piratepartei fuerdert, datt de fréieren LSAP Immigratiouns-Minister Jean Asselborn an déi zoustänneg Chamberkommissioun kënnt, fir an Zesummenhang mat der Enquête wéinst méiglecher Korruptioun bei der Immigratiouns-Direktioun gehéiert ze ginn.

reading time

1 min

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen huet eng deementspriechend offiziell Demande gemaach, esou d‘Piraten an engem Communiqué. Wéi si schreiwen, soll de fréieren Immigratiouns-Minister Jean Asselborn an der Chamberkommissioun erklären, wéi d’Kontrollen deemools organiséiert waren an ob hien iwwer méiglech Mëssstänn Bescheed wousst.

Ronn 30 Persounen am Verdacht

An dëser Affär geet et ëm de Verdacht, datt Lëtzebuergesch Staatsbeamten Dokumenter gefälscht hu fir Persounen aus Drëttstaaten Openthalts- an Aarbechtsgeneemegungen ze ginn. 

Ronn 30 Persoune ginn aktuell beschëllegt. Fënnef Mataarbechter goufe suspendéiert.