Dat, nodeems Demonstranten deeglaang Autobunnen, Hafen an eng Raffinerie blockéiert haten.
Iresch Regierung huet d'Steieren ëm 10 Cent erofgesat
"Mir hunn zwee Camionen an eis kascht den Diesel 1.200 bis 1.400 Euro d‘Woch. An dat si just zwee Camionen", esou sot ee Chauffeur zu Cork an Irland am Interview mat der Tëlees-Chaîne RTE. Aner Demonstrante soten, hir Firme wiere wéinst de Pëtrolspräisser no un der Faillite.
Déi iresch Regierung huet e Sonndeg no Gespréicher mat Vertrieder:innen aus dem Transport- an Agrarsecteur en Hëllefspak vu ronn 505 Milliounen Euro ugekënnegt. D’Steieren um Diesel an um Bensinn ginn an Irland bis Enn Juli ëm 10 Cent erofgesat.
Keng Sue fir ze tanken oder ze iessen
Och an Nordirland gouf et Protestaktiounen. Déi nordiresch Regierung fuerdert, datt de brittesche Premier Keir Starmer elo och agräift.
"D‘Leit heiheem kënne sech net leeschten, tanken ze goen an Iessen op den Dësch ze bréngen. Si kämpfen ëm d'Iwwerliewe wéinst politeschen Entscheedungen, déi de Krich iwwer d'Wuelbefanne vun de Mënsche gestallt hunn", esou Michelle O‘Neill, First Minister vun Nordirland.
An de Soziale Medie gouf elo och zu Protestaktiounen an England an a Schottland opgeruff.
D‘Police vun Essex bei London sot, si géinge robust géint Demonstrante virgoen.
Op den Autobunne ronderëm d‘Haaptstad war et trotz de Frustratiounen ëm d‘Pëtrolspräisser bis elo nach roueg.