Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Barnier mécht vum Artikel 49.3 gebrauch

Frankräich

Barnier mécht vum Artikel 49.3 gebrauch

A Frankräich huet d'Regierung op den Artikel 49.3 vun der Verfassung zeréckgegraff fir de Budget vun der Securité sociale och ouni Majoritéit duerch d‘Parlament ze kréien, a muss elo domat rechne vun der Oppositioun gestierzt ze ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto
Foto: picture alliance / NurPhoto | Telmo Pinto

De Premier Michel Barnier huet een Appell un d‘Deputéiert lancéiert fir d‘Zukunft vun der Natioun iwwert individuell Interessien ze setzen.

La France Insoumise huet wéi ze erwaarden eng Motioun fir ee Mësstrauensvott géint d‘Regierung deposéiert. An de rietsextreeme Rassemblement National wäert sech dem Mësstrauensvott uschléissen. Dat huet d‘Partei op X ugekënnegt.

D‘Gauche an den RN hätten zesumme genuch Stëmme fir duerch ee Mësstrauensvott d‘Regierung vum Michel Barnier ze stierzen. De President Emmanuel Macron géif doduerch zwar net ofgewielt ginn, awer och ënner Drock gesat ginn. 

Datt et den Ament a Frankräich, der Belsch an an Däitschland keng stabil Regierung géif gi wier "schlecht fir Europa". Dat sot de Premier Luc Frieden bei enger Aarbechtsvisitt zu Saarbrécken.