arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Auto fiert a Mënschemass a Südweste vu Frankräich

Île d‘Oléron

|
headphones

1 min

Auto fiert a Mënschemass a Südweste vu Frankräich

Op der Île d'Oléron un der Südwest Küst vu Frankräich ass de Moien en Automobilist a Foussgänger gerannt. Zéng Mënsche goufe blesséiert, véier dovu schwéier.

headphones

1 min

Police Frankräich | © Flickr
Police Frankräich (Foto: Flickr)

Wéi de franséische Parquet matdeelt, hätt de Mann dobäi "Allahu Akbar" geruff. Bis elo wier den Anti-Terror-Parquet awer nach net saiséiert ginn.

Beim presuméierten Täter handelt et sech ëm e 35 Joer ale Fransous, deen der Police scho wéinst méi klengen Delikter bekannt war. De franséischen Inneminister Laurent Nuñez soll de Mëtteg op d'Plaz fueren, dann ass och eng Pressekonferenz geplangt.