Do virdrun hat d‘Hamas gëschter um Sonndeg dräi israeelesch Geisele fräigelooss. Dat e puer Stonnen nodeems de Waffestëllstand a Kraaft getruede war. Déi dräi Frae goufen an eng Klinik zu Tel Aviv bruecht. Si wieren a gudder Verfassung, esou déi israeelesch Arméi.
33 Geisele sollen an där éischter, 6-Woche-laanger Phas vum Accord, fräigelooss ginn. Fir all fräigeloosse Geisel sollen 30 palestinensesch Prisonéier fräigelooss ginn.
All Dag 600 Camione mat humanitärer Hëllef
Dausende Palestinenser si gëschter um Sonndeg zeréck an hir Heemecht an der Gazasträif gereest. Vill vun hinnen hu keen Dag méi iwwer dem Kapp, well ganz Quartiere bei den israeelesche Bombardementer zerstéiert goufen.
Eng 630 Camione mat humanitärer Hëllef si gëschter an d‘Gazasträif gefuer. Dem Accord no sollen all Dag 600 Camione mat humanitärer Hëllef an de palestinenseschen Territoire bréngen.
Finanzminister fuerdert Militärherrschaft an der Gazasträif
Trotz der aktueller Wafferou tëschent Israel an der Hamas fuerdert de rietsradikalen israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich d’Eruewerung vun der ganze Gazasträif. Am israeelesch-militäresche Radio huet hie sech géint d‘Wafferou ausgeschwat an zu enger Militärherrschaft an der Regioun opgeruff.
Hien huet weider betount, et géif keng "drëtt Muecht" ginn, déi d’Kontroll iwwer Gaza iwwerhuele kéint.