Radioen

On air

Notturno  |  Dhaima - Reggae On Sunset

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord fir Waffestëllstand an der Gazasträif a Fräiloossung vun de Geiselen

No 15 Méint Krich

Accord fir Waffestëllstand an der Gazasträif a Fräiloossung vun de Geiselen

No 15 Méint Krich goufen Israel an d‘Hamas sech eens. De Waffestëllstand soll e Sonndeg ufänken. Déi éischt Phas soll 6 Wochen daueren. An där Zäit sollen 33 Geiselen an Honnerte palestinensesch Prisonéier fräigelooss ginn. Elo ginn et schonn éischt Problemer beim Ëmsetzen.

auto_stories

2 min

Palestinenser | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Symbolfoto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Humanitär Hëllef soll ouni Restriktiounen an d'Gazasträif bruecht ginn. Déi israeelesch Arméi soll sech an der éischter Phas aus de bewunnten Deeler zeréckzéien, mee an enger Pufferzon bleiwen. D‘Palästinenser:inne sollen zeréck an hir Quartiere kënne goen.

An der Gazasträif hu vill Leit gefeiert. An Israel hunn d‘Famillje vun de Geiselen sech erliichtert gewisen. D‘Hamas hält nach 94 Geisele gefaangen. Israel mengt, datt der nëmmen nach 60 um Liewe sinn.

Problemer beim Ëmsetzen

Déi israeelesch Regierung muss deem Accord nach zoustëmmen, éier en e Sonndeg a Kraaft kann trieden. Hei deite sech elo Problemer un. Dem israeelesche Premier Benjamin Netanjahu no géif d‘Hamas an der Gazasträif den Accord net guttheeschen, dofir misst déi israeelesch Regierung hir Sëtzung verleeën.

D‘Hamas huet dat awer dementéiert. Israeelesch Medie mellen iwwerdeems dat de Problem bei der israeelescher Regierung géif leien. De rietsextreme Finanzminister Bezalel Smotrich hätt domadder gedreet dat seng Partei d‘Regierung géif verloossen, wann et zu engem Accord géif kommen. Zu Katar, wou den Accord ausgehandelt gouf, sollen och nach technesch Froe gekläert ginn.

Duerno soll iwwer déi nächst zwou Phase verhandelt ginn: Dat definitiivt Enn vum Krich an den Erëmopbau vun der Gazasträif. Den Accord gouf vu Katar, Ägypten an den USA vermëttelt.

De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel weist sech am 100,7-Interview iwwerdeems an enger éischter Reaktioun erliichtert. Et wier elo wichteg, datt den Accord respektéiert gëtt an datt déi humanitär Hëllef bruecht gëtt, esou den Ausseminister.