Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord fir Waffestëllstand an der Gazasträif kéint elo awer vun Israel ugeholl ginn

Noen Osten

Accord fir Waffestëllstand an der Gazasträif kéint elo awer vun Israel ugeholl ginn

Den Accord, deen och d‘Fräiloossung vun de Geisele virgesäit, soll haut am Laf vum Dag vum israeelesche Sécherheetskabinett ugeholl ginn.

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch
Foto: picture alliance / epd-bild | Christian Ditsch

Den Donneschdeg war et net dozou komm, well Israel der Hamas virgehäit huet, den Accord net méi ze respektéieren a nach Concessioune wëllen erauszeschloen. Elo wiere béid Säite sech awer nees eens, sou de Büro vum Benjamin Netanjahu.

De Waffestëllstand soll deemno, wéi geplangt, iwwermuer a Kraaft trieden. Déi éischt Phas soll 6 Woche laang daueren. An där Zäit sollen 33 Geiselen an honnerte palästinensesch Prisonéier fräi gelooss ginn. Déi israeelesch Arméi soll sech aus den dicht bewunnten Deeler vun der Gazasträif zeréckzéien.