arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Attentat um Bondi Beach wuel duerch d'Ideologie vum Islamesche Staat motivéiert

Australien

|
headphones

1 min

Attentat um Bondi Beach wuel duerch d'Ideologie vum Islamesche Staat motivéiert

D'Täter vun antisemitteschen Attentat virgëschter Samschdeg um Bondi Beach zu Sydney wiere wéi et schéngt duerch d'Ideologie vun der terroristescher Organisatioun Islamesche Staat motivéiert gewiescht. Dat sot den australesche Premier Anthony Albanese an engem Radiointerview.

headphones

1 min

© EPA/BIANCA DE MARCHI AUSTRALIA AND NEW ZEALAND OUT
(Foto: EPA/BIANCA DE MARCHI AUSTRALIA AND NEW ZEALAND OUT)

D‘Police huet matgedeelt, datt am Auto vun den zwee Männer Sprengstoff a selwer gemaachte Fändele vum Islamesche Staat fonnt goufen.

Déi zwee hate virgëschter um Bondi Beach zu Sydney 15 Mënschen erschoss, déi sech do fir den Optakt vum jiddeschen Hanuka Festival versammelt haten.

Militärausbildung op de Philippinnen?

Bei den Täter huet et sech der Police no ëm e Papp vu 50 a säi Fils vu 24 Joer gehandelt.

De Papp gouf vun der Police erschoss an de Fils liewensgeféierlech blesséiert.

D‘Police huet och bekannt ginn, datt déi zwee ee Mount virum Attentat op d‘Philippinne gereest sinn. Warscheinlech fir sech militäresch ausbilden ze loossen. Dat géif elo nach ënnersicht ginn, esou d‘Police.