Op der Cour d’appel an der Stad koum et zu enger “Rupture du délibéré”, dat heescht zu kengem Urteel. D’Ursaach dovun ass, datt d’Presidentin vum Geriicht zu engem méi fréien Zäitpunkt emol an där Affär aktiv war.
Dës gëtt dowéinst de 5. Mee d’nächst Joer nei opgerullt. Den Ugekloten, dee säin Adoptivpapp an deem senger Wunneng erwiergt hat, war am Februar an éischter Instanz zu 30 Joer Prisong verurteelt ginn.