Hie wier skandaliséiert iwwer déi israeelesch Bombardementer vun der Zivilpopulatioun, bei deene 400 Leit ëm d'Liewe koumen, esou den UN-Generalsekretär.
Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet iwwerdeems d'Virwërf zeréckgewisen, datt hie Gaza just aus innepolitesche Grënn géif bombardéieren. Kritiker geheien dem israeelesche Premier ëmmer nees vir, guer net un enger Léisung fir de Gaza interesséiert ze sinn. De Konflikt géif säi politescht Iwwerliewe garantéieren.