arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Riets Protester géint Immigratioun an Nordirland sinn eskaléiert

Groussbritannien

|
reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Riets Protester géint Immigratioun an Nordirland sinn eskaléiert

No enger brutaler Messerattack an der nordirescher Haaptstad koum et zu massiven, rassistesch motivéierten Ausschreidungen. Randaléierer sinn duerch d'Stroosse gezunn an hunn Autoen a Brand gestach. Gëschter Owend hate sech ronn 220 Leit versammelt, fir an ee Flüchtlingsheem ze goen.

reading time

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi riets Randaléierer si vun der Police mat Waasserwerfer dovun ofgehale ginn an d'Flüchtlingsheem ze goen. D'Police gouf mat Géigestänn attackéiert. 

Och schonn déi Nuecht virdru war et eskaléiert. Haiser goufen ugefaangen a Leit hu missen a Sécherheet bruecht ginn. Déi riets Randaléierer hunn och islamfeindlech Spréch op d'Fassade gesprayt. 

Zu den Onroue koum et, nodeems eng Persoun bei enger Messerattack schwéier blesséiert gouf. De presuméierten Täter ass een 30 Joer ale Mann aus dem Sudan. Hie gouf wéinst versichtem Mord ugeklot. 

D'Famill vum Affer huet elo een Appell gemaach fir roueg ze bleiwen. 

De brittesche Premier Keir Starmer huet vu schockanten an inakzeptabelen Zeene geschwat, déi direkt missten ophalen. 

Lauschtert hei de Bäitrag vun eiser Korrespondentin Marie Billon

play_arrow Lauschteren