arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi wéi 10 Milliounen Awunner? Doriwwer gëtt haut an der Schwäiz ofgestëmmt

Schwäiz

|
reading time

1 min

Méi wéi 10 Milliounen Awunner? Doriwwer gëtt haut an der Schwäiz ofgestëmmt

An der Schwäiz gëtt haut an engem Volleksvott driwwer ofgestëmmt, ob d‘Awunnerzuel op 10 Millioune soll begrenzt ginn. Dëst geet op eng Initiativ vun der Schweizerische Volkspartei (SVP) zeréck. Déi rietsnational Partei mécht d‘Migratioun fir déi grouss Problemer an der Schwäiz verantwortlech.

reading time

1 min

© EPA/JEAN-CHRISTOPHE BOTT
(Foto: EPA/JEAN-CHRISTOPHE BOTT)

Ënner anerem fir d'Wunnengsnout an den Trafic.

Virun dësem Hannergrond stëmmen d‘Schwäizer elo driwwer of, ob bis d‘Joer 2050 d‘Populatioun soll gedeckelt ginn. D‘Regierung an d‘Parlament hu sech géint dëse Plang ausgeschwat.

Aktuell liewen 9,1 Millioune Mënschen am Alpeland.