arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An engem Wunnkomplex mat 2000 Wunnengen ass e Brand ausgebrach

Hong Kong

|
headphones

1 min

An engem Wunnkomplex mat 2000 Wunnengen ass e Brand ausgebrach

De Bilan vun den Doudesaffer ass op 13 Mënsche geklomm. Dorënner wieren och Pompjeeën. E puer Stroosse goufe wéinst dem Feier gespaart. D'Ursaach vum Feier ass nach net bekannt.

headphones

1 min

EPA/LEUNG MAN HEI | © EPA/LEUNG MAN HEI
Feier an engem Wunnkomplex zu Hong Kong (Foto: EPA/LEUNG MAN HEI)

D'Feier ass an enger Wunnkomplex mat aacht Gebaier ausgebrach an deene bal 2000 Wunnengen dra sinn. D‘Feier huet sech iwwer d‘Bambus-Stee ausgebreet, déi wéinst Renovatiounsaarbechte laanscht d‘Fassad opgeriicht war.

Leschte Mount scho ware bei engem Feier un enger Stee bei engem Gebai am Geschäftsquartier vun Hong Kong véier Mënsche blesséiert ginn.