arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Mieresstrooss vun Hormus eskaléiert d'Situatioun

Krich am Noen Osten

|
reading time

1 min

An der Mieresstrooss vun Hormus eskaléiert d'Situatioun

Dem US-President Donald Trump no hätten d'USA siwen iranesch Schnellbooter ugegraff. D'USA probéieren zënter gëschter blockéiert Schëffer duerch den Hormus-Passage ze begleeden.

reading time

1 min

Archivfoto: D'Strooss vun Hormus | © EPA/STRINGER
Archivfoto: D'Strooss vun Hormus (Foto: EPA/STRINGER)

Déi Vereenegt Arabesch Emirater a Südkorea hunn Ugrëffer op Schëffer gemellt. Déi Vereenegt Arabesch Emirater hunn och eng iranesch Attack op de Pëtrolshafen zu Fujairah gemellt. Do ass e Feier ausgebrach.

D'Wafferou tëschent den USA an dem Iran ass elo um Wackelen

Den Donald Trump huet dem Iran erëm mat Vernichtung gedreet. An den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi huet Washington gewarnt, d‘USA missten déi sougenannten Operation Freedom, fir Schëffer duerch den Hormus-Passage ze féieren, stoppen.