Et wéilt ee mat dësem Schratt awer nach waarden. Fir den Ament hätt d’Sécherheet vun de franséische Staatsbierger:innen an den Alliéierten an der Regioun Prioritéit, esou de Macron.
Eppes hat de franséische President direkt kloergestallt: de Krich am Noen Osten ass net de Krich vu Frankräich. An et wäert ee sech net an dëse Krich amëschen, esou de Macron.
An awer schéckt Frankräich aacht Fregatten, zwee Helikopterträger an de Flugzeugträger Charles de Gaulle an d’Regioun.
D'Grënn fir Schëffer an d'Regioun ze schécken
De Macron huet u Bord vum Schëff dann och erkläert, firwat dëst wichteg ass.
An der Regioun géingen et eng 400.000 franséisch Ressortissante ginn, déi ee beschütze misst. Dat selwecht géing fir d’Alliéiert gëllen, mat deenen ee Verteidegungsofkommessen huet. Et wier wichteg, datt ee séier reagéiere kéint, esou de Macron. Trotzdeem wier dës Missioun reng defensiv. Als drëtte Grond huet hien d’Sécherheet vun de Schëffer genannt.
Initiativ zesumme mat Partner
Zesumme mat anere Staate géing een den Ament eng Missioun plange fir d’Schëffer, déi Pëtrol a Gas an der Hormus-Passage transportéieren, ze eskortéieren.
Dëst soll awer eréischt passéieren, wann de Krich un Intensitéit verléiert.
Um Méindeg hate sech d’G7-Finanzminister ënner franséischer Presidence beroden. De Macron sot, et géing een hei iwwerleeën, déi strategesch Ueleg-Reserven anzesetzen.
Mat Bléck op déi amerikanesch an israeelesch Bombardementer sot de Macron, ee wierkleche Regimmwiessel kéint net duerch Bommen erzwonge ginn. Och kéint een net dovun ausgoen, datt de Krich esou séier op een Enn géing goen.