arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Amazon baut bis zu 30.000 Plazen of

Onlinehändler

|
headphones

1 min

Amazon baut bis zu 30.000 Plazen of

Nach haut um Dënschdeg soll mat de Kënnegungen an der Haaptsaach an der Administratioun ugefaange ginn, wéi d‘Noriichtenagence Reuters mellt, déi sech op intern Sourcë berifft.

headphones

1 min

Grënn wieren d‘Baisse vun de Käschten an den Ausgläich fir déi exzessiv Recrutementer wärend der Covid-Pandemie.

Den Ofbau géif bal 10 Prozent vun de ronn 350.000 Mataarbechter an der Administratioun vum der Entreprise Amazon entspriechen, déi am ganzen 1,55 Millioune Mënsche beschäftegt. 

Ob och Lëtzebuerg vum massiven Aarbechtsplazofbau betraff ass, kann den OGBL, op eis Nofro hin, net confirméieren. Um Dënschdegmoie sollen awer Reuniounen tëschent der Personaldelegatioun an der Direktioun ugefaang hunn. Zu Lëtzebuerg schaffe 4.000 Leit bei Amazon.