arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Alain de Bourcy: SPL a Gewerkschafte leie wäit auserneen

Apdikterverband SPL

|
headphones

2 min

Alain de Bourcy: SPL a Gewerkschafte leie wäit auserneen

Den Apdikterverband SPL an d’Gewerkschafte gesi sech op der Conciliatioun erëm. Dat nodeems ee sech bei de Verhandlungen iwwer en neie Kollektivvertrag net eens ginn ass.

headphones

2 min

Apdikt | © Bigstock / Diego Cervo
Apdikt (Foto: Bigstock / Diego Cervo)

Et géing een an d’Conciliatioun goe fir e Konsens ze fannen an dat wier net onméiglech, esou den Alain de Bourcy.

Substantiell Ännerungen 

No 20 Joer wëllt den OGBL an engem neie Kollektivvertrag substantiell Verännerungen. Dozou gehéiere méi Congésdeeg a eng Opbesserung vum Salaire ëm 8 Prozent. Dem Alain de Bourcy no wieren den Apdikter hei awer d’Hänn gebonnen.

"Ech mengen, den Haaptproblem ass, datt eis Präisser vun de Medikamenter, déi sinn net indexéiert als Medikamenter, wou d'CNS rembourséiert. Dat heescht, all Kéiers wa mir eng Indextranche hunn, maache mir als Apdikter eng déck Perte. Dat ass dem OGBL an eise Salariéë selbstverständlech net ze opposéieren. Ech verstinn dat. Mee et ass awer eng Realitéit. Ech als President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter muss kucken, datt all eis Memberen hir Apdikt kënnen esou féieren, datt d'Zuelen hei no erop ginn."

Congsédeeg als Knackpunkt

En anere Knackpunkt sinn d’Congésdeeg, déi aktuell bei 25 plus dräi Deeg leien. D’Gewerkschaften hätte gäre 26 plus 5 Deeg, also bis zu 31 Deeg Congé. Och dat wier dem Alain de Bourcy no awer fir déi eenzel Apdikter nëmme schwéier ze stäipen.

"31 Deeg Congé fir 102 eenzel kleng Betriber am Eenzelhandel, net eng grouss Struktur, och kee staatlechen Träger, et ass keng Fédération des Hôpitaux, et ass kee grousse Grupp vun Altersheimträger, 31 Deeg bezuelte Congé ass eppes, wat awer zu Lëtzebuerg net heefeg ass. An do musse mir mam OGBL nach eng Kéier séier driwwer schwätzen."

En Theema ass och d’Bezuele vun de Gardestonnen. Hei hunn d’Apdikter dofir plädéiert, datt just déi Apdikten Nuetsgard hunn, déi bei Maison-médicalen oder Spideeler leien. Dat wier awer politesch net gewollt.