D’Sarah de Nutte hat d’Dëschtennisfederatioun bei den Olympesche Spiller zu Paräis kritiséiert, wat bei der FLTT net gutt ukomm war. Den Éierentribunal gëtt dem Dëschtennis Diddeleng zwar elo Recht, datt den entspriechende Vott vum Comité-directeur net geheim war, mee de Club hätt net bewisen, datt déi Violatioun him geschuet hätt.
arrow_back_ios
search
search
/ Affär Sarah de Nutte: Éierentribunal weist Appell vum Dëschtennis Diddeleng zeréck
Dëschtennis
Affär Sarah de Nutte: Éierentribunal weist Appell vum Dëschtennis Diddeleng zeréck
Den Éierentribunal vun der Dëschtennisfederatioun huet den Appell vum Dëschtennis Diddeleng a Saache Blâme géint d’Sarah de Nutte als net fondéiert zeréckgewisen. Anescht wéi d’Spillerin hat hire Club Appell gemaach géint deen ëffentleche Blâme, deen de Comité-directeur vun der FLTT am November géint d’Spillerin gesprach hat.
auto_stories
1 min

Sarah de Nutte (Foto: picture alliance / ATP photo agency | QIAN Jun)